De Jean Elias Benjamin Valz, gebuer de 27.
Mee">27. Mee 1787 zu Nîmes a gestuerwen den 22. Abrëll 1867, war e franséischen Astronom.
Jean Elias Benjamin Valz | |
---|---|
Gebuer | 27. Mee 1787 Nîmes |
Gestuerwen | 22. Abrëll 1867 Marseille |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Astronom, Mathematiker |
Member vun | Académie de Nîmes, Académie des sciences |
De Valz krut eng Ausbildung als Ingenieur, huet sech awer spéider zu der Astronomie higezu gefillt. Hien huet besonnesch d'Koméitebunnen observéiert an och berechent.
Am Joer 1835 huet hien d'Hypothes opgestallt, datt déi observéiert Bunnstéierunge vum Koméit Halley duerch d'Gravitatiounswierkung vun engem Planéit hanner dem Uranus ausgeléist gëtt. De Planéit Neptun war deemools nach net entdeckt.
U säin Haus zu Nîmes hat de Valz e privaten Observatoire gebaut. Wéi hien Direkter vum Observatoire vu Marseille ginn ass, huet hie säin Haus dem jonken Astronom Joseph Jean Pierre Laurent iwwerlooss, dee vun do aus den Asteroid (51) Nemausa entdeckt huet.
• (fr) Nemausensis [1]
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Jean Elias Benjamin Valz, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.