De Jean Nicolas Conzemius, gebuer den 13.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat Dokter Jean Nicolas Conzemius. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Jean Conzemius. |
Mee">13. Mee 1839 zu Ierpeldeng a gestuerwen de 6. Juni 1918 zu Déifferdeng, war e lëtzebuergeschen Dokter a Politiker.
Jean Conzemius | |
---|---|
Gebuer | 13. Mee 1839 Ierpeldeng |
Gestuerwen | 6. Juni 1918 Déifferdeng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Dokter, Politiker |
Famill | |
Kanner | Émile Conzemius |
De Jean Nicolas Conzemius huet am November 1867 säin Doktorat an der Medezin an an der Chirurgie zu Lëtzebuerg gemaach a sech duerno zu Ettelbréck als Doktor etabléiert. 1872 huet hie sech zu Housen niddergelooss, an 1873 zu Déifferdeng.
De Conzemius war Buergermeeschter vun der Gemeng Déifferdeng vun 1906 bis 1912. Den Déifferdenger Gemengerot huet enger Strooss an der Stad Déifferdeng (Quartier Fousbann) säin Numm ginn: rue Dr. Conzemius.
De Conzemius war Member vun der Société des sciences médicales a vun 1872 u vun der Société de botanique respektiv der Société des naturalistes luxembourgeois (bis zu sengem Doud).
Säi Fils war den Émile Conzemius, deen als Dokter am Kongo geschafft huet.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Jean Conzemius (Buergermeeschter), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.