Ice Cream Sundae ass e Kuerzfilm vun der lëtzebuergescher Schauspillerin a Regisseurin Désirée Nosbusch aus dem Joer 2001.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | USA Lëtzebuerg |
Première | 2001 |
Originalsprooch | Englesch |
Ekipp | |
Regie | Désirée Nosbusch |
Dréibuch | Michael Wenk |
Fotografie | Sonja Rom |
Musek | Harald Kloser Thomas Wanker |
Schnëtt | Saska Simpson |
Produzent | Jani Thiltges |
Produktiouns- gesellschaft | Eternity Pictures Samsa Film World Entertainment LLC |
Schauspiller | |
Tippi Hedren Michael J. Sheridan Kat Ogden Joe Rabl Kathy Najimy | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Et ass hir éischt Regieaarbecht.
Eng jonk Fra (Kathy Najimy), déi erwaart, an net weess, wouhin, begéint enger eelerer Dame (Tippi Hedren) an engem Akafszentrum...
Fir d'Produktioun vum Kuerzfilm krut Samsa Film 2001 e Subside an Héicht vu 4,5 Millioune Lëtzebuerger Frang, respektiv 111.552,09 Euro, vum Lëtzebuerger Filmfong.
Ice Cream Sundae krut de Goldpräis fir d'Regie am beschte Kuerzfilm ("Gold Award for Best Short Directing") um World Fest Houston, an de Goldpräis fir dat bescht Kuerzfilmdrama ("Gold Award for Best Short Drama") um Fargo Filmfestival.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Ice Cream Sundae, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.