Den Hals ass den Deel vum Kierper vum Mënsch a villen anere Wierbeldéieren, deen de Kapp mam Torso verbënnt.
En dréit d'Gewiicht vum Kapp a schützt d'Nerven, déi sensoresch a motoresch Informatioune vum Gehier an de Rescht vum Kierper leeden. Donieft ass den Hals ganz flexibel an erméiglecht et dem Kapp, sech a bal all Richtung ze dréinen an ze béien.
Am Hals leien d'Halswierbelen, déi Deel vun der Wierbelsail sinn an duerch déi d'Réckemuerch leeft. Donieft fënnt een am Hals och déi iewescht Deeler vun den Otemweeër an dem Verdauungstrakt, d'Schilddrüs an d'Nieweschilddrüsen, Nerven, Muskelen, Arteerien a Veenen.
Déi anatomesch Fachbegrëffer fir den Hals si Collum an Cervix. Alles, wat den Hals betrëfft, gëtt mam Adjektiv „zervikal“ bezeechent.
Beim Mënsch ass d'Strass de viischten Deel vum Hals an d'Genéck den hënneschten Deel ronderëm d'Halswierbelen.
D'Giraffen hunn de längsten Hals am Déiereräich.
Commons: Häls – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Hals, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.