E Greef ass eng Zort Gafel mat Zénken déi zimmlech no beienee stinn.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
E Greef gëtt benotzt fir lassent Material, wéi zum Beispill Blieder, Steng, Schlaken oder Kuelen a Kock opzehiewen an ze deplacéieren.
E Greef gesäit aus wéi eng iwwerdimensional Forschett. Säi Still ass meeschtens aus Holz, mä an anere Kulturen kann en och aus anerem Material (zum Beispill Bambus) bestoen. D'Zacke ware fréier och aus Holz, hautdesdaags si s'aus Eisen. Wann de Greef dofir benotzt gëtt fir Mëscht opzehiewen huet e véier bis fënnef Zénken a méi e kuerzen an décke Still, fir och méi schwéier Chargë kënnen ze hiewen.
De Greef ass heiansdo vun aarme Leit als Waff benotzt ginn, wa si sech keng méi deier Waffe konnte leeschten. Dat war ënner anerem 1798 am Klëppelkrich de Fall.
Den Däiwel gëtt net nëmme gär mat Haren a gespléckte Féiss duergestallt, mä och mat engem Greef deen hie benotzt fir déi aarme Sënner ze pisaken.
Commons: Greefer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Greef, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.