E Gong ass e metallenen Idiophon fir drop ze schloen, dee meeschtens aus Bronz ass.
De Begrëff staamt aus dem Indoneeseschen.
De Gong besteet aus enger ronner Plack, mat oder ouni Bockel, där hire Bord méi oder manner ëmgebéit ass. Gonge kënne gestëmmt sinn oder och net.
Fir d'éischt ernimmt gouf de Gong am 10. Joerhonnert an enger javanescher Fassong vum Ramayana.
D'Instrument gëtt gebraucht, fir der Orchestermusek en asiatesche Faarftoun ze ginn, wéi am Puccini sengen Operen Madama Butterfly oder Turandot.
Commons: Gongs – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Gong, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.