De Francis Arthur Cockfield, Baron Cockfield, Co'fiild ausgeschwat, gebuer zu Horsham den 28.
September">28. September 1916 a gestuerwen den 8. Januar 2007 zu Oxford, war noenee Staatsbeamten, Direkter vun enger Firma, e konservative Politiker a Member vun der Europäescher Kommissioun.
Francis Cockfield | |
---|---|
Gebuer | 28. September 1916 Horsham |
Gestuerwen | 8. Januar 2007 Oxford |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich, Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun | London School of Economics |
Aktivitéit | Politiker, Statistiker |
Partei | Konservativ Partei |
Tëscht 1979 a 1982 war hie Staatssekretär am Finanzministère ënner der Premierministesch Margaret Thatcher, 1982 bis 1983 Staatssekretär fir den Aussenhandel a vun 1983 bis 1984 Chancellor vum Herzogtum Lancaster. Vun 1984 bis 1988 war e Kommissär an der Europäescher Kommissioun. An där Funktioun war e responsabel fir den Europäesche Bannemaart, Steieren an Douane ënner dem Jacques Delors. Zesumme mam Delors huet en 1986 e Wäissbuch erausginn, wouran eng 300 Moossnamen opgezielt waren, déi missten ëmgesat ginn, fir datt bis 1993 en Europäesche Bannemaart sollt realiséiert sinn.
1973 gouf en zum Baron Cockfield geadelt, an hie krut och soss eng Rëtsch Auszeechnungen (dorënner d'Grousst Kräiz vum Ordre de Léopold II) an Éierendoktertitelen.
De Lord Cockfield war zweemol bestuet.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Francis Cockfield, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.