Far Cry 3 ass en Ego-Shooter vun Ubisoft fir Microsoft Windows, Xbox 360 a PlayStation 3.
E kënnt Enn 2012 op de Marché an ass d'Fortsetzung vu Far Cry (2004) a Far Cry 2 (2008). D'Handlung spillt op enger tropescher Inselketten iergendwou tëscht dem indeschen a pazifeschen Ozean. De But vum Spill ass et fir vun der Insel a senge Verrécke Bewunner ze flüchten.
Far Cry 3 spillt nees wéi den éischten Deel vun der Serie op enger ofgeleeëner Insel. De Spiller iwwerhëlt d'Roll vum Jason Brody, dee mat sengem Brudder, senger Frëndin an e puer Kolleegen op eng Insel kënnt, déi op kenger Kaart agezeechent ass, mä iwwer där hir schéin Stränn an hir exotesch Vegetatioun vill Rumeuren existéieren. Dat ganzt gëtt awer séier zum Albdram, wéi den Jason mat senge Kolleegen an d'Hänn vu Piraten ënner dem Befeel vum wansinnege Mäerder Vaas geréit. De Jason kann zwar entkommen, mä well säi Boot fort ass muss en elo virun allem versichen ëm all Präis z'iwwerliewe bis datt en eng Méiglechkeet fënnt fir vun der Inselgrupp fortzekommen. Dobäi gëtt en an de bluddege Krich tëscht de Piraten, de Mënschenhändler an de lokale Rebellen eragezunn, déi net méi weider vun de Mënschenhändler als modern Sklave gehale wëlle ginn. Dobäi fléisse Blutt an Drogen am Iwwerfloss, a geschwënn ass de Jason schonn net méi capabel fir tëscht narkoteschem Dram a Wahnrealitéit z'ënnerscheeden. D'Insel mécht jiddweree verréckt dee se betrëtt, an et muss een e komplette Geck si fir dozebleiwen.
Net méi dobäi sinn:
Et gëtt am Spill 39 Waffenzorten:
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Far Cry 3, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.