D'Famill de Lannoy-Clervaux ass déi lëtzebuergesch Branche vum Haus de Lannoy.
Si huet bis an d'19. Joerhonnert bestanen a goung zeréck op de Claude de Lannoy, dee sech 1617 mat der Claudine d'Eltz bestuet hat. Si war d'Duechter vum Godefroid d'Eltz an der Elisabeth de Heu, déi d'Schlass an d'Herrschaft vu Klierf nom Doud vun hirem Papp, dem Gaspar de Heu vu Beefort, geierft hat.
Nom Doud vun der Elisabeth de Heu hirem Brudder Godefroid, am Joer 1631, ass d'Baronnie vu Klierf un de Claude an d'Claudine de Lannoy-d'Eltz gefall a si hunn d'Schlass vu Klierf iwwerholl.
Den Albert Eugène de Lannoy gouf 1643 den Nofollger vu sengem Papp Claude de Lannoy. Hien huet sech mat der Anne Marie de Reede de Sasfeld, “dame de Bolland (Boland)”, bestuet. Hien ass 1697 gestuerwen. Seng Nofollger ware seng Jongen Adrien Gérard a François Ferdinand.
Den Adrien Gérard de Lannoy, deen aus sengem Bestietnes mat der Baronne Jeanne Thérèse Claire de Bocholtz keng Kanner hat, ass 1730 gestuerwen. Säin Ierwe war säin Neveu Damien Adrien Gérard de Lannoy, deem seng Mamm, d'Apolline von der Horst, d'Ierwin vun Hamm op der Prüm war. Den Damien Adrien Gérard Ernest de Lannoy hat sech 1724 mat der Aldegonde Louise Françoise de Warnant, “dame de la Neufville” (Neuville-en-Condroz) bestuet. Domat ware bannent knapps engem Joerhonnert d'Lännereie vu Klierf (Herzogtum Lëtzebuerg), Bolland (Herzogtum Limburg), Hamm a La Neuville (Prënzbistum Léck) an de Besëtz vun der Famill de Lannoy-Clervaux komm. Dem Damien Adrien Gérard säi Fils Adrien Jean Baptiste († 1797) hat sech 1753 mat der Comtesse Constance Polixène Reine Stanislas de Wignacourt bestuet; d'Koppel hat dräi Kanner:
Nom Grof Félix hu seng Jonge Léopold an Adrien successiv am Schlass gewunnt. Si sinn allebéid ouni Kanner gestuerwen, de Grof Léopold am Joer 1841 an de Grof Adrien am Joer 1854.
Den Adrien war de leschte Vertrieder vun der Branche de Lannoy-Clervaux; no sengem Doud ass déi ganz Ierfschaft laut Testament u seng Fra, d'Aldegonde Ursule Florence Marie Amélie de Tornaco, “Amélie” genannt, gaangen. D'Testament gouf vu sengem schonn ernimmte Cousin, dem Grof Napoléon de Lannoy-Clervaux, Prënz vu Rheina-Wolbeck, attackéiert. Deen huet awer de Prozess, dee sech jorelaang higezunn hat, verluer. An der Tëschenzäit war d'Amélie de Lannoy-Clervaux den 8. Mee 1856 gestuerwen an d'Ierfschaft ass un hir Ierwe gaangen a sou ass en Deel un d'Famill de Berlaimont (Berlaymont) ganngen an en aneren un d'Famill de Tornaco wéi z. B. d'Schlass vun Neuville-en-Condroz.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Famill de Lannoy-Clervaux, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.