D'Fédération luxembourgeoise des échecs, ofgekierzt FLDE, ass den nationale Verband vun de Schachveräiner zu Lëtzebuerg.
Fédération luxembourgeoise des échecs | |
---|---|
Ofkierzung | FLDE |
Grënnungsdatum | 18.10.1931 (ASBL 13.10.2006) |
Sëtz | 3, route d'Arlon L - 8009 Stroossen |
President | Pierre Fattebene |
Generalsekretär | Bernard Linster |
Tresorier | John Hentges |
Member vu(n) | COSL, ECU, FIDE |
Websäit | www.flde.lu |
D'FLDE ass responsabel fir d'Reglementatioun vum Schach am Lëtzebuerger Land. Si gruppéiert all d'Veräiner déi Schach spillen an organiséiert déi verschidden national an international Kompetitioune grad wéi déi individuell Landesmeeschterschaften an de verschiddenen Alterskategorien, d'Veräinsmeeschterschaften, d'Couppen an d'Tournoien an arrangéiert och d'Schachnationalekippen.
D'FLDE ass 1931 gegrënnt an den 13. Oktober 2006 am Handelsregëster als ASBL registréiert ginn.
Se huet hire Sëtz zu Stroossen an ass Member vum COSL (zënter 1950), der European Chess Union an der Fédération internationale des échecs (FIDE, zënter 1946).
D'FLDE ass den 18. Oktober 1931 vu véier Veräiner, Cercle d'échecs La tour, L'échiquier luxembourgeois rue de l'eau, Club d'échecs 1915 Luxembourg-Gare a Club d'échecs Esch-Alzette, am Café Philippe zu Esch-Uelzecht gegrënnt ginn.
De Verband huet am Ufank Fédération luxembourgeoise d'Échecs geheescht a krut an den 1950er Joren den haitegen Numm ëmgenannt.
Den éischte President war de Francis Kraus vum Lampertsbierger Veräin La Tour.
De President vun der FLDE ass zënter 2012 de Pierre Fattebene (Diddeleng).
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Fédération luxembourgeoise des échecs, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.