Epsilon: Buschtaf

Den Epsilon (griicheschen Neutrum, Majuskel Ε, Minuskel ε oder ϵ) ass de 5.

Buschtaf vum griicheschen Alphabet an huet e numeresche Wäert vu 5.

Epsilon: Buschtaf
De griichesche Buschtaf „Epsilon“

Urspronk

D'Zeechen E kënnt vum phenizesche Buschtaf „he“ a gouf vun de Griiche fir de Vokal „E“ gebraucht. Den Numm (gr.) bedeit „einfacht“ oder „entbléisst“ (géintiwwer der Buschtawekombinatioun „αι“, déi zanter der hellenistescher Zäit de selwechte Lautwäert huet).

Den Epsilon am Gebrauch

  • An der Mathematik déngt ε fir d'Bezeechnung vun enger belibeg klenger Zuel déi méi grouss ass wéi Null. Sou eng Zuel gëtt an der Analys bei der Definitioun vu Grenzwäerter wéi Supremum an Infimum gebraucht. Dat Gebitt gëtt dofir och als „Epsilontik“ bezeechent.
  • An der Mathematik beschreift ε(x) eng Heaviside-Funktioun.
  • An der Mathematik steet ε fir déi numeresch Exzentrizitéit.
  • An der Geometrie gebraucht een ε dacks fir e klenge Wénkel.
  • An der Tensorrechnung bezeechent de klengen Epsilon d'Levi-Civita-Symbol.
  • An der Informatik bezeechent de klengen Epsilon dat eidelt Wuert.
  • An der Physik bezeechent de klengen Epsilon d'Permittivitéit, d'Leeeschtungszuel an den Emissiounsgrad.
  • An der Astronomie bezeechent de klengen Epsilon d'Schréi vun der Ekliptik.
  • An der Technescher Mechanik bezeechent de klengen Epsilon d'Deenung.
  • Bei Verbrennungsmotore bezeechent de klengen Epsilon d'Verdichtungsverhältnes.
  • An der Chimie bezeechent de klengen Epsilon den Extinktiounskoeffizient.
  • An der Vollekswirtschaftsléier gebraucht een ε dacks fir d'Akommenselastizitéit souwéi fir de reale Wiesselcours, definéiert duerch: ε = nominelle Wiesselcours * Präisniveau Am Land / Präisniveau am Ausland.

Tags:

BuschtafGriichesch SproochGriichescht AlphabetMajuskelMinuskel

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

TuberkulosActioun LëtzebuergeschPalau (Ozeanien)Angolanesche BiergerkrichAdolf WeisAlain DelonMasturbatiounGordon CooperGer MaasMexikoTopologieSèteFranséisch RevolutiounOlympesche GroussHermiesGeorge Seaton (Regisseur)CholeraClaude WeyJean SchortgenPakistan1801EnglandLëscht vun de Star Trek-VëlkerKZ AuschwitzJean AsselbornBlue (Film 1968)Gemeng Klierf1992HéichuewenFäröesch FoussballnationalekippEncyclopædia BritannicaEngleschTeneriffaAmsterdamGermaine Damar260 v. Chr.GromperekichelchenThe Lord of the RingsNea LoneFeierstëppeler19. AugustBahrainLëscht vun de Buergermeeschtere vun Esch-UelzechtVictor HugoLech WałęsaSchäffchenCetus (Stärebild)Maria PerschyHaaptsäit/Artikel vun der WochRepublik10. JuliAustralienGerald FordCap VertGustave DoréWilhelm Conrad RöntgenOlympeschen Eed2016Provënz Wallounesche Brabant321SchotiGeentechnikThe Rolling StonesEnglesch FoussballnationalekippNierSëlwerLondonGemeng Wëntger🡆 More