D'Anna Eleanor Roosevelt, gebuer den 11.
Oktober">11. Oktober 1884 zu New York, an och do de 7. November 1962 gestuerwen, war eng US-amerikanesch Mënschenrechtsaktivistin an Diplomatin, a vun 1905 bis zu deem sengem Doud, 1945, d'Fra vum US-President Franklin D. Roosevelt. Si war deemno vum 4. Mäerz 1933 bis den 12. Abrëll 1945 d'First Lady vun de Vereenegte Staaten.
Eleanor Roosevelt | |
---|---|
Gebuertsnumm | Anna Eleanor Roosevelt |
Gebuer | 11. Oktober 1884 Manhattan |
Gestuerwen | 7. November 1962 |
Doudesursaach | Tuberkulos |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | The New School |
Aktivitéit | Diplomat, Schrëftsteller, Autobiograph, Politiker, Fraerechtler, Journalist, Friddensaktivist, Mënscherechtler |
Partei | Democratic Party |
Member vun | Daughters of the American Revolution, Alpha Kappa Alpha |
Famill | |
Bestuet mat | Franklin D. Roosevelt |
Papp | Elliott Roosevelt I |
Kanner | Franklin Delano Roosevelt, Jr., James Roosevelt |
An de Joren nom Zweete Weltkrich war si eng héich Politikerin an der UNO. Si war do ë. a. Presidentin vun der Mënscherechtskommissioun, déi zu deem Zäitpunkt d'Allgemeng Declaratioun vun de Mënscherechter ausgeschafft huet. Dës gouf 1948 vun der UN-Vollversammlung offiziell ugeholl.
Wärend der McCarthy-Ära huet d'Eleanor Roosevelt sech ëffentlech géint dem McCarthy seng fanatesch antikommunistesch Vuë gestallt, an d'Hexejuegd op soi-disant Kommunisten, sou wéi d'Mësstrauen, dat iwwerall opkomm ass, "zudéifst onamerikanesch" genannt.
Commons: Eleanor Roosevelt – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Eleanor Roosevelt, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.