Eedelmetaller si wéineg reaktiv Schwéiermetaller, déi an der Loft net vill oder guer net oxidéieren.
Dofir komme si an der Natur och am rengen Zoustand fir. Hir Dicht ass mei héich wéi 9,5 g/cm³.
Zu den Eedelmetaller gehéieren:
Am cheemesche Sënn sinn Eedelmetaller all Metaller, déi an der elektrocheemescher Spannungsrei e positive Standardpotential géintiwwer dem Waasserstoff hunn. Traditionell gesi gëtt de Koffer allerdéngs net zu den Eedelmetaller gezielt, obwuel en am cheemesche Sënn eigentlech dozu gehéiert. Dowéinst gëtt en heiansdo als Hallefedelmetall bezeechent. Déi kënschtlech Elementer Bohrium, Hassium, Meitnerium, Darmstadtium, Roentgenium a Copernicium si sécherlech och Eedelmetaller.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Eedelmetall, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.