Duddelsak

Den Duddelsak ass de wäitverbreeten ëmgangssproochlechen Numm fir en Ënnerbriechungs-Aerophon (Rouerblatinstrument), bei deem d'Loft, déi fir ze spille gebraucht gëtt, aus engem Loftsak an eng Wandkapsel gepresst gëtt.

Den eigentleche Begrëff ass Sakpäif.

Duddelsak
Duddelsakspiller vu The Luxembourg Pipeband (2011)

Den Opbau vum Instrument

D'Instrument huet eng "Spillpäif", mat där d'Melodië gespillt ginn, an eng oder e puer "Bordun"-Päifen, déi en Dauertoun spillen. D'Téin an de Päife ginn duerch en einfacht oder duebelt Rouerblat gemaach, dat sougenannte "Reed", dat aus enger Schilfart gemaach gëtt, neierdengs awer och aus Plastik oder Metall. De Loftdrock op d'Päife kënnt aus engem Sak, dee vum Spiller mam Mond duerch e Blosrouer oder beim ireschen Duddelsak, den Uilleann Pipes, duerch e Blosballeg opgeblose gëtt. D'Loftreserv am Loftsak erlaabt et, en Toun ze spillen, deen onofhängeg vum Otem ass.

Duddelsakzorten

Sakpäifen, déi haut an der traditioneller Musek, an der Aler Musek an am Folk gebraucht ginn, sinn ënner anerem:

  • Great Highland Bagpipes, Scottish Smallpipe, Border Pipe, Shuttle Pipe (Schottland)
  • Northumbrian Smallpipe (Norde vun England)
  • Uilleann Pipes (Irland)
  • Pwyannwn und Gwenloitheg (Cornwall)
  • Tibhae, Pibacwd (Wales)
  • Binioù kozh (Bretagne)
  • Chabrette (Limousin a Frankräich)
  • Veuze (Poitou a Frankräich)
  • Cabrette (Auvergne a Frankräich)
  • Cornemuse du Centre, Musette Bechonnet, Cornemuse Bourbonnaise (Regioun Centre a Frankräich)
  • Musette de Cour (historesch, Frankräich)
  • Boha (Gascogne a Frankräich)
  • Pijpzak/Doedelzak (Flandern an Holland)
  • Schäferpfeife, Praetorius-Bock, Hümmelchen, Dudey (Däitschland, och historesch)
  • Marktsackpfeife (modern, Däitschland)
  • Dudy, Kozioł, Koza (Polen)
  • Dudy, Gajdy (Béimen, Mieren – Tschechien)
  • Bock (Béimen, Ésträich, Süddäitschland)
  • Säckpipa (Schweden)
  • Jaleika (Russland)
  • Torupill (Estland)
  • Dudas (Lettland)
  • Duda (Wäissrussland)
  • Gaita (Spuenesch Provënze Galicia an Asturias)
  • Sac de gemecs (Katalonien)
  • Xeremía oder xeremíes (Mallorca)
  • Sackpfiff, Sackpfyf oder Sackphiffen (Schwäiz)
  • Baghèt (Norditalien)
  • Piva (Italien)
  • Zampogna (Süditalien)
  • Cimpoi (Rumänien)
  • Gajde, an Slawonien, der Herzegowina, der Vojvodina an a Serbien, Makedonien an Albanien (südmoraveschen Typ)
  • Kaba Gajda, Djura Gajda (Bulgarien)
  • Schuta Gajda (Pirin-, Vardar- an Egäis-Mazedonien)
  • Gaida an Tsambouna (Griicheland)
  • Askomantoura (Kreta, Griicheland)
  • Mizwed (Tunesien)
  • Tulum, och guda, (tierkesch Provënze Rize an Artvin)
  • Tschiboni (georgesch Provënz Adscharien)
  • Gudastviri (Ost-Georgien)
  • Parkapzuk (Armenien)

Europawäit existéieren no Schätzunge vun Experten haut zirka 180 verschidde regional Sakpäifeformen.

Mëttlerweil sinn och elektresch/elektronesch Sakpäifen um Maart, déi midi gesteiert un e Verstäerker respektiv un e Computer ugeschloss kënne ginn. Den asturesche Museker José Ángel Hevia huet sou en Instrument zesumme mam Programméirer Alberto Arias an dem Techniker Miguel Dopico erfonnt.

Och de Lëtzebuerger Museker Pit Vinandy benotzt als Cyberpiper sou en elektrëschen Duddelsak, den en nom Virbild vum Hevia sengem gebaut huet.

Den Duddelsak zu Lëtzebuerg

Nieft der "Luxembourg Pipe Band", déi schottesch Marschmusek spillt, gëtt et och nach Duddelsakspiller wéi den Oliver Kayser vun der Grupp D'Lompekréimer an de Pit Vinandy den als Ratefänkert an als Cyberpiper scho méi wéi 30 Joer laang Duddelsakmusek mécht. Aner bekannt Museksgruppe bei deenen den Duddelsak am Gebrauch waren/sinn, ass Dullemajik vum Guy Schons a "Vun Tooten an Bloosen", déi an den 80er a 90er Joren am Folk-Clupp Lëtzebuerg vill Concerte gespillt hunn.

Et gëtt och geschichtlech Spuere vun Duddelsakspiller. Sou den "Heupfeifer von Schoenfels", dee wa Kar geschnidde gouf, geruff ginn ass fir mat senger "Sakpaif" opzespillen oder de "Blannen Thunn" vun Esch-Sauer, dee mat sengem Duddelsak sou munnech Duerfkirmes bereest huet. Den Duddelsak ass Ufank vum 19. Joerhonnert zu Lëtzebuerg aus der Moud komm. E Luthier vun Arel huet ëm 1830 d'ganz Regioun mat Duddelsäk beliwwert, firwat et net verwonnerlech ass, dat haut an der Belsch nees un déi grouss Duddelsak-Traditioun ugeknäppt gëtt. Interessant ass, dat ëm 1830 Arel nach zu Lëtzebuerg gehéiert huet. Dofir gëtt an der Folkzeen ënner Kenner dacks fir den "Belschen" Duddelsak och "Belgo-Lëtzebuergeschen" Duddelsak gesot. Sou e Modell, deen enger däitscher Schéiferpäif oder engem franséische Bechonnet ganz no kënnt, gëtt och vun der Grupp D'Lompekréimer gespillt.

Um Spaweck

Commons: Duddelsäck – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

Duddelsak Den Opbau vum InstrumentDuddelsak zortenDuddelsak Den zu LëtzebuergDuddelsak Um SpaweckDuddelsakAerophon

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

RTL GroupFlavio BeccaÉislekAlain KinschLëscht vun den internationalen TelefonsprefixenLëtzebuergeschFoussball-Weltmeeschterschaft 2002D'MargréitchenHans Magnus EnzensbergerThéodore EberhardAdrian HovenFoussgängerbréck beim MudamDoctenaEd LauterRippegHimmelsdéiercher2016Max GoergenNaturschutzgebitt SaueruechtLycée Josy-Barthel MamerGérard ValeriusBruttoinlandsproduktBloGare LëtzebuergWarscheinlechkeetLëtzebuerg (Land)Ban de GasperichBouferDavid GoldrakeBatty WeberHaaptsäit/Artikel vun der WochAfghanistanMarie-Paule von RoesgenKlierfMyriam Spiteri DebonoIersengEmil AngelLëscht vu lëtzebuergesche KonschtschafendenFaaschtenzäitSchëld E, 21eGroussherzog vu LëtzebuergUS-Monument PéitengMalaysiaFatima-Kapell (Harel)BousTroublemaker1827ZäitzonStater TramFrankie HansenMelusinaMasturbatioun.jpAasselChristoph KolumbusMisärsbréckChrëschtdagKleeschenFernand MertensBiwer a BiverHelperknappIrlandCôte de la Roche-aux-fauconsEric FalcheroJosy JohannsHandelsregësterLëtzebuerger NationalfeierdagZweete Weltkrich🡆 More