Den Douro , op (Spuenesch Duero ) ass, mat ronn 897 Kilometer, deen drëttlängste Floss op der ibeerescher Hallefinsel.
En huet seng Quell an de Picos de Urbión, an der spuenescher Provënz Soria, leeft duerch Nordspuenien an Nordportugal a leeft bei Porto an den Atlanteschen Ozean.
Aner Stied op sengem Wee sinn, a Spuenien, Soria, Almazán, Aranda de Duero, Tordesillas a Zamora, all an der Provënz Kastilien-León. Op enger Längt vun 112 km mécht en dann d'Grenz tëscht Spuenien a Portugal, do si seng Uwänner Deel vum Naturpark Arribes del Duero an Douro Internacional. Vun do u leeft en 213 km duerch Portugal, wou en d'Stied Miranda do Douro, Pinhão (Alijó) a Peso da Régua passéiert, an och d'Wäibaugebitt Alto Douro, wou d'Drauwe vum Porto ugebaut ginn. Bei der Stad Porto (am Norden) a Vila Nova de Gaia (am Süden) leeft en an den Atlantik.
Déi wichtegst riets Nieweflëss sinn a Spuenien den Esla, de Valderaduey an de Pisuerga, an a Portugal den Tâmega, deen aus Galicien kënntm den Tua an de Corgo. Vu lénks kommen den Águeda, de Yeltes an den Tormes.
An der Antiquitéit huet den Douro Durius; Numantia war déi bedeitendst Stad u sengen Uwänner.
An der fréier Phas vun der Reconquista bis ongeféier zur Opléisung vum Kalifat vu Córdoba (1031) huet den Douro d'Grenzgebitt tëscht dem chrëschtlechen Norde vu Spuenien (Kinnekräich Asturien/Kinnekräich León) an al-Andalus am Süden gemaach. Bis haut sinn nach e puer mauresch Wuechttierm (atalaya genannt) erhalen.
Den Douro gëtt haut eng 15-mol gestaut, fir mam Waasser Stroumkraaftwierker ze bedreiwen.
Commons: Douro – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Douro, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.