D'Claudine Junck, gebuer den 29.
Juli">29. Juli 1965 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 22. Februar 2022 , war eng lëtzebuergesch Diplombiologin.
Claudine Junck | |
---|---|
Gebuer | 29. Juli 1965 Lëtzebuerg |
Gestuerwen | 22. Februar 2022 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Stater Jongelycée, Justus-Liebig-Universität Gießen |
Aktivitéit | Biolog |
Member vun | Société des naturalistes luxembourgeois |
No der Primärschoul zu Koplescht an dem Premièresexamen am Joer 1984 am Jongelycée um Lampertsbierg, huet d'Claudine Junck fir d'éischt Literatur um Centre universitaire (1984/85) studéiert, duerno awer Biologie op der Justus-Liebig-Universität vu Gießen (Diplom 1990).
Vun 1990 bis 2001 huet d'Claudine Junck als selbstänneg Biologin en eegene Bureau d'études, den “Naturschutzbüro Lanius”, dirigéiert. Parallel dozou war si vun 1998 bis 2004 als Biologin bei der Station biologique de l'Ouest asbl beschäftegt. Vum 1. Januar 2005 u war si Chef de service vun der Station biologique SICONA vum Syndicat intercommunal pour la conservation de la nature du Sud-Ouest (SICONA-Sud-Ouest).
D'Claudine Junck war wëssenschaftlech Collaboratrice vum naturhistoresche Musée. Si war Member vun der Gesellschaft für angewandte Carabidologie. Si war och Member vun der Société des naturalistes luxembourgeois (SNL), an där hirem Bulletin si eng Rei vu wëssenschaftlechen Artikele publizéiert huet.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Claudine Junck, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.