De Christoph Arnold, gebuer de 17.
Dezember">17. Dezember 1650 zu Sommerfeld bei Leipzig an och do gestuerwen de 15. Abrëll 1695, war en däitschen Astronom.
Christoph Arnold | |
---|---|
Gebuer | 17. Dezember 1650 Sommerfeld |
Gestuerwen | 15. Abrëll 1695 Sommerfeld |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Astronom |
De Christoph Arnold gouf als eelste Jong vun enger Bauerefamill gebuer. Hien hat fréi mat Astronomie-Unterrecht beim Professer Gottfried Kirch ugefaangen. Op sengem Haus hat hien e klengen Observatoire opgeriicht. Den Arnold hat de 15. August 1682 e Koméit entdeckt, wat warscheinlech de Grond fir seng spéider intensiv Fuerschungen iwwer Koméite war, woubäi hien 1686 nach eng Kéier op e Koméit opmierksam gemaach gouf. Och iwwer de Merkurduerchgank virun der Sonnescheif den 31. Oktober 1690 hat hien Observatiounen opgestallt.
Fir seng Verdéngschter krut den Arnold eng Unerkennung vun der Wëssenschaft. E Krater an der Géigend vum Äerdmoundnordpol souwéi eng Grondschoul zu Engelsdorf, an der Géigend vun senger Heemechtsuertschaft, droe säin Numm.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Christoph Arnold, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.