Butterflies ass e lëtzebuergesche Kuerzfilm vum Max Jacoby aus dem Joer 2005, no enger Kuerzgeschicht vum Ian McEwan.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg |
Produktiounsjoer | 2005 |
Première | 2005 |
Dauer | 12 |
Faarf | Schwaarz-Wäiss |
Originalsprooch | Englesch |
Ekipp | |
Regie | Max Jacoby |
Dréibuch | Max Jacoby nom Wierk vum Ian McEwan |
Fotografie | Fredrik Bäckar 35mm Schwaarz-Wäiss |
Musek | François Hausemer |
Schnëtt | Amine Jaber |
Produzent | Anne Schroeder Samsa Film |
Produktiouns- gesellschaft | Samsa Film |
Schauspiller | |
Glyn Pritchard als Patrick Joana Scanlan als Jane Federay Holmes als Cindy Jules Werner als Charlie | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
De Patrick, en einsame Mann mat engem monotone Liewen, muss bei d'Police goen, well hien déi lescht Persoun war, déi e klengt Meedchen aus sengem Quartier lieweg gesinn huet. Hat ass an engem Kanal erdronk. Well hien net schwamme kann, konnt hien hat net retten, an d'Hëllefsdéngschter, déi hie geruff huet, koumen ze spéit. Dat hält hien awer net dovun of, sech schëlleg ze fillen, besonnesch wann hien erausfënnt, datt d'Meedchen d'Duechter vun enger fréierer Klassekamerodin ass.
De Kuerzfilm gouf op Englesch mat haaptsächlech brittesche Schauspiller gedréint. Dat huet zu Problemer mam Finanzement vum Filmfong gefouert. Den eenzege Lëtzebuerger Schauspiller ass de Jules Werner an enger vu sengen éischte Filmrollen.
Butterflies huet 2005 de Präis vum Beschten Europäesche Kuerzfilm um Internationale Filmfestival vu Venedeg gewonnen. En ass ausserdeem Gewënner vum Lëtzebuerger Filmpräis 2005 fir dee beschte Kuerzfilm, ex aequo mat der Beryl Koltz hirem Starfly.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Butterflies, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.