Busan (kor.
부산|h=釜山, fréier Schreifweisen: Pusan; Fusan) ass mat ronn 3,5 Milliounen Awunner (Stand 2015) no der Haaptstad Seoul déi zweetgréisste Stad vu Südkorea a läit um südëstlechen Enn vun der Koreanescher Hallefinsel. Et ass eng vun de féirenden Industriestied vum Land.
Am Koreakrich war Busan zesumme mat Daegu déi eenzeg wichteg Stad, déi ni vun den nordkoreaneschen Truppen besat gouf.
Den Numm Busan heescht sou vill wéi "Kesselbierg" a spillt drop un, datt ronderëm d'Stad eng Biergkette läit, bal wéi bei engem Amphitheater.
D'Stad läit un der Mündung vum Floss Nakdonggang an de Pazifik an huet duerch seng vill Buchten e gudden Naturhafen.
Eng 50 km méi südlech ass schonn déi éischt japanesch Insel.
Commons: Busan – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Busan, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.