Eng Bourse ass eng finanziell Ënnerstëtzung fir Studenten, Schüler, jonk Wëssenschaftler, Sportler oder Kënschtler, déi hinnen hëllefe soll ze studéieren an hir Bildung oder Leeschtung ze verbesseren.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der finanzieller Ënnerstëtzung. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Bourse (Homonymie). |
Et gëtt Krittären, wien eng Bourse kritt a wien net. Déi Krittäre variéiere mat all Bourse a spigele meeschtens d'Wäerter an den Zweck vun der Organisatioun déi se stëft erëm. Dacks sinn déi Krittären de schouleschen, akadeemeschen oder sportleche Verdéngscht vun där Persoun. De Manktem u finanzielle Mëttele spillt och dacks eng Roll, mä ass generell net den eenzege Krittär.
Eng Bourse muss am Géigesaz zum Prêt net zeréckbezuelt ginn.
Zu Lëtzebuerg gëtt et eng Bourse vum Staat fir Studenten. Si ass segmentéiert; sou gëtt et eng Basisbourse vun 2000 Euro fir all Student dee bestëmmt Krittären erfëllt, eng Mobilitéitsbourse fir Persounen, déi am Ausland studéieren a wunnen, eng sozial Bourse, déi vum Akommes vum Stot ofhänkt, an deem ee wunnt, an eng Familljebourse, déi ee kritt, wann nach aner Kanner aus deemselwechte Stot studéieren. (Stand: Summer 2015)
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Bourse (Studium), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.