Blinddaarm

De Blinddaarm oder Blinddarm (lat.: caecum, coecum oder cecum, respektiv intestinum caecum) ass en Deel vum Daarm vum Mënsch a villen Déieren.

Et ass den éischten Deel vum Déckdaarm, deen um Enn vum Dënndaarm ewéi e Sak erof an d'Bauchhiel geet. Domat ass de Blinddaarm en Deel vum Mo-Daarm-Trakt.

Blinddaarm
De Blinddaarm (rout) am Mo-Daarm-Trakt vum Mënsch.

Beim Mënsch läit en am rietsen, mëttleren Deel vum Bauch an huet eng Gréisst vun duerchschnëttlech sechs bis aacht Zentimeter. Bei ville Planzefrësser ass e méi grouss. Déi meescht Vullen hunn zwéi Blinddäerm.

Um Enn vum Blinddaarm hänkt de klenge Wuermwutz. Wann deen entzünt ass, schwätzt ee vun enger Appendicitt, déi ëmgangssproochlech fälschlecherweis och "Blinddaarmentzündung" genannt gëtt. De Blinddaarm u sech entzünt sech dobäi net.,

Aus dem leschten Deel vum Dënndaarm, dem Ileum, kënnt den Iessensbräi an de Blinddaarm. Dofir muss en duerch eng Klapp, déi nëmmen an eng Richtung opgeet. Dat verhënnert, datt de Bräi an déi falsch Richtung zeréckfléisst. Am Blinddaarm an am Wuermwutz gëtt Daarmflora gespäichert, déi de Kierper zum Beispill no enger Duerchfallerkrankung an de Rescht vum Daarm ka weider ofginn. De Blinddaarm besteet gréisstendeels aus lymphateschem Tissu, deen Ofwierzelle bilt, soubal wéi onerwënscht Bakteerien an de Kierper kommen. Domat zielt de Blinddaarm zum Immunsystem.

Besonnesch bei de Planzefrësser zersetzen d'Bakteerien am Blinddaarm d'Zellulos am Iessensbräi.

Um Spaweck

Commons: Blinddäerm – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Tags:

BauchhielDaarmDéckdaarmDënndaarmLatäinMo-Daarm-Trakt

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

1146Tun TonnarUruguayGeorges ChristenZypernPéiterséileginselHugues Le GallaisRobert SchumannIBMJoresofschlossMoldawienFC Blo-Wäiss IzegResistenz zu LëtzebuergBlogRobert BrandyLudwig LevyKasanDavid GoldrakeJoanne GoebbelsVorarlbergAustrëtt vum Vereenegte Kinnekräich aus der Europäescher UniounVereenegt Staate vun AmerikaMëttelamerikaSerge TonnarMarie HeinzLëscht vun de lëtzebuergesche RiedensaartenC++Ed LauterGriichelandWikipediaGeorge III. vum Vereenegte KinnekräichAustralienJames II. vun EnglandGattung (Biologie)Mir d'Vollek (Lëtzebuergesch Partei)Xavier BettelMuttergottesliddJéineschHypertext Markup LanguageRobert vu LëtzebuergLiichtmëssdagLëtzebuerg (Land)Däitsch-OthPerl oder Pica (Film)BiergerdagCôte de WanneGeometrieRené PutzeysLouschlësselDominique Lang1978FC KehlenJang de BlannenDomaine publicNorbert CampagnaTelekommunikatiounUniform Resource LocatorZäitPatrick SanaviaPhilippe SchneiderClaude ChristnachKarel de GroussenDagestanKuwaitNaomi AyéIsraelKarl MarxManneken PisElblingPortraits d'artistesHäerz🡆 More