Den Déckdaarm oder Dickdarm (lat.
E fänkt nom Dënndaarm un a besteet aus dem Blinddarm (caecum) mat Wuermfortsaz (appendix), dem Grimmdaarm (colon) an dem Rektum, dee mam Analkanal um Anus op en Enn geet.
Seng Funktioun ass den Transport an d'Späichere vum Kot. Den Déckdaarm entzitt dem Kot Waasser a mécht en esou méi déckflësseg. Am Déckdaarm ginn och nach Salzer wéi Natrium, Kalium a Chlorid opgeholl an ausgescheet. En ass also och un der Reguléierung vun der Konzentratioun vun Elektrolyte bedeelegt. Gläichzäiteg befërdert d'Muskulatur vum Déckdaarm de Contenu a kräftegen, wellefërmege Beweegungen a Richtung Daarmausgank.
Wann de Kot am Rektum ukomm ass, léist dat den Drang aus, op d'Toilette ze goen an den Daarm eidel ze maachen. Beim gesonde Mënsch ass d'Heefegkeet vum Stullgank individuell variabel: Wärend e puer Leit dräimol den Dag ginn, ginn anerer just dräimol an der Woch.
D'Daarmflora fënnt een haaptsächlech am Déckdaarm, dee beim erwuessene Mënsch ronn 1 bis 1,5 Meter laang ass. D'Daarmflora besteet aus Milliarde Bakteerien, déi ënner anerem vun den onverdaute Komponente vun der Narung liewen. Dobäi produzéiere si liewenswichteg Vitaminnen, wéi de Vitaminn B an de Vitaminn K. Donieft schützt d'Daarmflora virun aneren, schiedleche Bakteerien, déi sech am Daarm usidelen an ausbreede wëllen.
Beim Mënsch sinn Erkrankunge vum Déckdaarm geleefeg. Eng akut Appendicite, geleefeg och einfach als Blinddarmentzündung bezeechent, muss chirurgesch behandelt ginn. Eng Vergréisserung oder Verdéiwung vun den Hämorrhoiden kann ënner anerem Bluddungen an de Bass verursaachen. Beim Daarmkriibs sëtze béisaarteg Tumoren am Déckdaarm. Zu Lëtzebuerg zielt den Daarmkriibs zu den dräi Kriibserkrankungen, déi am heefegsten optrieden. 2022 si geschaten 316 Persoune mat Daarmkriibs zu Lëtzebuerg erkrankt.
Commons: Déckdäerm – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Déckdaarm, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.