Den Arcturus oder Arktur (α Bootis) ass den hellste Stär am Stärebild Bootes.
Et ass e Roude Ris, dee véierthellste Fixstär um Nuetshimmel a vun alle Kontinenter aus ze gesinn (mat Ausnam vun der bannenzeger Antarktis. Et fënnt een hien an der Verlängerung vun der Täissel vum Grousse Won. Wann een dës Richtung weider verlängert, kéint een op de Stär Spica.
Den Numm Arktur leet sech vum griicheschen arktouros (αρκτούρος), "Bierenhidder", of a verwäist op d'Positioun als hellste Stär am Zeeche vum Bootes, dem Bierenhidder, deen um Nuetshimmel de klengen an de grousse Bier viru sech hin ze dreiwe schéngt.
Den arabeschen Numm vum Stär ass Haris el sema, Herrscher vum Himmel.
An der chineesescher Astronomie huet de Stär Arcturus dà jiǎo (chineesesch Schrëft: 大角), "grousst Har" geheescht, wat hierleet vum hellste Stär vum chineesesche Stärebild "Har" (角宿, Pinyin: jiǎo xiù).
Commons: Arcturus – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Arcturus (Stär), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.