Moselle Antilly: Franséisch Gemeng am Departement Moselle

Antilly ass eng franséisch Gemeng am Departement Moselle an der Regioun Grand Est.

Antilly
Moselle Antilly: Geschicht, Kuckeswäertes, Um Spaweck
Moselle Antilly: Geschicht, Kuckeswäertes, Um Spaweck

Land Moselle Antilly: Geschicht, Kuckeswäertes, Um Spaweck Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Moselle Antilly: Geschicht, Kuckeswäertes, Um Spaweck Moselle
Arrondissement Metz
Kanton Pays messin
Postcode 57640
Gemengecode 57024
Koordinaten 49° 11’ 45’’ N
      06° 15’ 06’’ O
Fläch  474 ha
Bevëlkerung  107 (1999)

D'Uertschaft läit op enger Héicht vun 170 bis 224 Meter. Iwwer de Flouer vun der Uertschaft féiert e Kiem.

Antilly ass un de Verkéier ugeschloss iwwer d'Departementsstroossen D52 an D2.

Geschicht

Den Numm vun der Uertschaft am Laf vun der Zäit

  • 1297: Antiley
  • 1424: Antillon
  • 1435: Antilley
  • 1474: Antillei
  • 1493: Antelley
  • 1641: Antely
  • 1756: Anthilly
  • Am Platt: Anc'hi ;
  • Ënner der däitscher Besatzung: Antullen.

Wopen

Beschreiwung am Originaltext:

Écartelé aux 1 et 4 d'azur à la palme d'argent, au 2 de gueules à trois annelets entrelacés d'or, au 3 de gueules au chevrons d'or, accompagné de deux croissants d'argent en chef et d'une étoile en pointe.

De Wopen ass dee vun der Famill Goussaud, där d'Seigneurerie am 18. Joerhonnert gehéiert huet.

Fréier huet d'Gemeng zu der Provënz vun den Dräi Bistümer gehéiert. a war en Duerf am Bezierk Haut-Chemin am Metzerland an huet de Bescheef vu Metz gehéiert.

D'Duerf gouf 1223 a 1404 a Brand gestach, an duerno nach eng Kéier 1493 vum Bernard vu Lutzelbourg, kuerz a kleng geschloen. 1817 zur Zäit an där Antilly zu den Dräi Bistümer gehéiert huet, huet nach de kleng Uertschaft Château de Buy dozou gehéiert. Déi Zäit hunn 229 Leit a 34 Haiser gewunnt.

Kuckeswäertes

  • De Château de Buy
  • De Schlasshaff aus 18. Joerhonnert deen ënner anerem de Famillje Goussauld an De Turmel gehéiert huet. D'Gebai huet am Ufank vum 19. Joerhonnert nach dem Joseph de Turmel gehéiert, dee Buergermeeschter vu Metz an Deputéierte vum Museldepartement vun 1820 bis 1830 war. Haut ass am Schlass e Bauerebtrib.
  • D'Baartelméiskierch vun 1863 ass am nei-gotesche Stil gebaut.

Kuckt och


Um Spaweck

Tags:

Moselle Antilly GeschichtMoselle Antilly KuckeswäertesMoselle Antilly Um SpaweckMoselle AntillyDepartement MoselleGemeng (Frankräich)Grand Est

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

10. FebruarJapanOns HeemechtGeorges MischoHeischentRond-point GluckEpicerie Binck am Fond-de-GrasGëlle FraVera TschechowaCôte de WanneKleeschenCBP QuilvestUniform Resource LocatorOmanLëscht vun de Vullen zu LëtzebuergClaude ChristnachPierre RauschLouschlësselBernard-MassardMartine DeprezTroublemakerHenri Kox1900EldoradioTelekommunikatiounWaasserE-BassRobert SchumanKasanHäerzVorarlbergYouTubeBenny BergHypertext Transfer ProtocolKatalouneschRTL GroupEngel AlbertHandelsregësterZweete WeltkrichFélix BrazSecondairesschoulen zu LëtzebuergEric ThillSaratowLeschte SteiwerSankt PéitersbuergCharles MarxGuy BergHoratio NelsonLëtzebuerger Filmpräis 2021Maximilian SchellFC KehlenHenri vu LëtzebuergISBNMuselVulvaHei elei, kuck eleiRobert GoebbelsJang de BlannenTom JungenD'Pierle vum DaGehaansbiergUkrainDonald TrumpWanterMoldawien1146Feil6. AbrëllDesniéKlass (Biologie)WikiCôte de La Redoute🡆 More