Den Angelo Daniele Badalamenti, gebuer den 22.
Mäerz">22. Mäerz 1937 zu New York City, a gestuerwen den 11. Dezember 2022 zu Lincoln Park, am New Jersey, war en US-amerikanesche Komponist. Hie gouf virun allem bekannt fir seng Filmmuseken, déi en am Kader vu senger laangjäreger Zesummenaarbecht mam Regisseur David Lynch komponéiert huet, dorënner déi vun Twin Peaks, Blue Velvet, Wild at Heart, The Straight Story, oder Mulholland Drive.
Angelo Badalamenti | |
---|---|
Gebuertsnumm | Angelo Daniel Badalamenti |
Pseudonym | Andy Badale |
Gebuer | 22. Mäerz 1937 Brooklyn |
Gestuerwen | 11. Dezember 2022 |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Manhattan School of Music |
Aktivitéit | Komponist, Museksproduzent, Filmkomponist, Museker, Lidderschreiwer, Discographesche Kënschtler, Dirigent, Bandleader |
Hien huet awer och de Sountrack vun anere Filmer komponéiert wéi La cité des enfants perdus, The Comfort of Strangers oder Un long dimanche de fiançailles.
Commons: Angelo Badalamenti – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Angelo Badalamenti, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.