D'Allianz Arena ass e Foussballstadion am Norde vu München, dee bei Bundesligaspiller 75.000 Plaze bitt, dorënner 57.343 Sëtz- an 13.794 Stéiplazen, de Rescht si Logen a Sponsoreplazen.
Baujoer | 2002 - 2005 |
---|---|
Opgaangen | 19. Mee 2005 |
Koordinaten | |
Veräin | FC Bayern München TSV 1860 München |
Kapazitéit | |
Total | 75.024 |
Dimensiounen | 105 x 68 |
Ënnergrond | Wuess |
An hir hunn déi zwéi Münchener Clibb, den FC Bayern München an den TSV 1860 München zënter der Saison 2005/06 hir Heemmatcher. Och Matcher vun der Foussball-Weltmeeschterschaft 2006 an d'Finall vun der UEFA Champions League 2012 goufen do gespillt. Si huet am Ufank deenen zwéi Clibb gehéiert, déi do spillen; den FC Bayern huet awer an der Tëschenzäit d'Partë vum anere Club iwwerholl an ass ewell eleng Proprietär.
D'Aarbechten dorun hunn den 21. Oktober 2002 ugefaangen, den 19. Mee 2005 gouf se ageweit. Se gouf vum Architektebüro Herzog & de Meuron entworf.
D'Allianz Arena huet eng opfälleg Fassad aus 2.760 Foliëkëssen aus ETFE (Ethylen-Tetrafluorethylen), vun deenen der ronn 1.000 op der Baussefassad beliicht kënne ginn. Gewéinlech ass se fir Matcher vu Bayern München rout ugestraalt, bei deene vun 1896 München blo, a bei anere wäiss. Ma och soss Faarfkombinatioune si méiglech.
Den Numm kënnt vum Sponsor, der Assurance-Entreprise Allianz AG. Ëmgankssproochlech gëtt se gär, wéinst hirer Form, Schlauchboot genannt.
Commons: Allianz Arena – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Allianz Arena, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.