Den Alfred Charles Kinsey, gebuer den 23.
Juni">23. Juni 1894 zu Hoboken, New Jersey a gestuerwen de 25. August 1956 zu Bloomington, Indiana, war en US-amerikanesche Sexualfuerscher an Héichschoulenseignant.
Alfred Charles Kinsey | |
---|---|
Gebuer | 23. Juni 1894 Hoboken |
Gestuerwen | 25. August 1956 Bloomington |
Doudesursaach | Longenentzündung |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Harvard Universitéit |
Aktivitéit | Biolog, Entomolog, Zoolog, Dokter, Soziolog, Universitéitsprofesser, Psycholog, Schrëftsteller |
Member vun | Phi Beta Kappa |
Hie war Professer fir Zoologie op der Indiana University an huet als éischte grouss ugeluecht Enquêtë iwwer d'sexuellt Verhale vum Mënsch gemaach. Déi sou gewonnen Donnéeën huet hien an zwee Wierker erausbruecht, Sexual Behavior in the Human Male (1948) a Sexual Behavior in the Human Female (1953), déi allgemeng als Kinsey-Report bekannt goufen. De Kinsey-Report, deen ze soen den Amerikaner de Spigel virgehalen huet, gëllt haut als mat ee vun den Ausléiser vun der sougenannter Sexueller Revolutioun.
Commons: Alfred Kinsey – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Alfred Charles Kinsey, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.