Den Alar Karis, gebuer de 26.
Mäerz">26. Mäerz 1958 zu Tartu, an der deemoleger Estescher SSR, ass en estesche Biolog a Politiker (ouni Partei). Hie gouf den 31. August 2021 zum 6. Staatspresident vun der Republik Estland gewielt.
Alar Karis | |
---|---|
Gebuer | 26. Mäerz 1958 |
Nationalitéit | Estland |
Aktivitéit | Fonctionnaire |
Partei | Onofhängeg |
Virdru war hie Professer fir Entwécklungsbiologie op der Universitéit Tartu, vun 2007 bis 2012 där hire Rekter, vun 2013 bis 2018 President vum estesche Rechnungshaff (Riigikontrolör) a vun 2018 bis 2021 Direkter vum Esteschen Nationalmusée.
An den 1990er Joren huet hien als Wëssenschaftler op der Universitéit Hamburg (1991), um National Institute for Medical Research bei London (1992/93) an op der Erasmus-Universitéit Rotterdam (1993 bis 1998) geschafft. Säi Schwéierpunkt louch vun do un an der Molekulargenetik.
Den 11. Oktober 2021 gouf hien als President vereedegt.
Commons: Alar Karis – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Alar Karis, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.