Den Al(fonso) Capone, gebuer de 17.
Januar">17. Januar 1899 zu Neapel a gestuerwen de 25. Januar 1947 zu Miami (Florida), war en US-amerikanesche Gangster.
Al Capone | |
---|---|
Gebuertsnumm | Alphonse Gabriel Capone |
Gebuer | 17. Januar 1899 Brooklyn |
Gestuerwen | 25. Januar 1947 |
Doudesursaach | Häerzkollaps |
Nationalitéit | USA |
De legendären amerikanesche Gangsterboss hat italieenesch Originnen an ass an de Slums vun New York opgewuess.
1920 ass hien op Chicago geplënnert an huet sech do der Gangsterband vum John Torrio ugeschloss. Déi Band krut hir Suen haaptsächlech aus dem Glécksspill, der Prostitutioun an aus illegale Bistroten, déi zur Zäit vun der Prohibitioun (1920 bis 1933) ganz grouss Gewënner gemaach hunn. Ausserdeem gouf de räiche Geschäftsleit de "Schutz" vun der Band opgezwongen, natierlech nëmme géint Bezuele vun enger héijer "Assuranceprime".
No der Flucht vum John Torrio, gouf den Al Capone deem säi Successeur. Hie soll eng ganz Rei brutal Muerde begaangen hunn, déi d'Police him awer ni noweise konnt.
1931 konnt him just Steierhannerzéiung nogewise ginn.
Commons: Al Capone – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Al Capone, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.