Den Adam Bernard Mickiewicz (Litauesch: Adomas Bernardas Mickevičius), gebuer de 24.
Dezember">24. Dezember 1798 a gestuerwen de 26. November 1855, war e bedeitende polneschen Dichter a Patriot an der Zäit wou et Polen als onofhängegt Land net méi gouf. Hie gehéiert zu de wichtegste Vertrieder vun der Romantik an Europa.
Adam Mickiewicz | |
---|---|
Gebuertsnumm | Adam Bernard Mickiewicz |
Gebuer | 24. Dezember 1798 |
Gestuerwen | 26. November 1855 Istanbul |
Doudesursaach | Cholera |
Nationalitéit | Russescht Keeserräich, Polen, Litauen |
Educatioun | Universitéit Vilnius |
Aktivitéit | Dichter |
Member vun | Fräimaurerei |
De Mickiewicz zielt haut nach als Nationaldichter souwuel a Pole wéi och a Litauen, wou hien op der Universitéit vu Vilnius studéiert huet an de Klub vun de Philomaten, a spéider vun de Philarete gegrënnt huet. Säin Haaptwierk, de ''Pan Tadeusz'', polnesch fir "Här Tadeusz", gëllt als Nationalepos an als leschte groussen europäesche Versepos. De Mickiewicz ass vill duerch Europa gereest, ass dem Goethe 1829 begéint an huet zu Paräis um Collège de France slawesch Literatur dozéiert. Zu Paräis huet hien d'Celina Szymanowska kennegeléiert an 1834 si se bestuet ginn. De Mickiewicz huet sech e Liewe laang fir en onofhängegt Polen agesat an huet wärend dem Novemberopstand vun 1830-1831 probéiert zeréck a seng Heemecht ze goen, gouf awer zu Dresden gestoppt. Vun 1839 bis 1840 war hien zu Lausanne, wou hie laténgesch Literatur dozéiert huet. Hie koum zum Schluss vu sengem Liewen nach op Konstantinopel, wou hie geplangt huet, polnesch Legiounen op d'Been ze stelle fir am Krimkrich op der Säit vun den Alliéierte géint d'Russen ze kämpfen. De Mickiewicz ass zu Konstantinopel u Cholera erkrankt a gestuerwen. Hie läit zu Krakau an der Kathedral begruewen.
Commons: Adam Mickiewicz – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Adam Mickiewicz, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.