D'AVL-Linn 32 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen.
Se fiert zanter dem 13. Dezember 2020 vu méindes bis freides all 30 Minutten um Trajet Kierchbierg, Mischekopp - Uewerstad - Eech - Dummeldeng, Parc de l'Europe an zeréck. Zanter dem 11. September 2022 ass d'Halt Mischekopp um Kierchbierg den offiziellen Terminus vun der Linn, virdru war et just eng betriblech Halt.
Kierchbierg - Dummeldeng | |
---|---|
Bedreiwer | Autobus de la Ville de Luxembourg |
vu(n) | Kierchbierg, Mischekopp 49°37'50,09"N, 6°9'5,26"O |
op | Dummeldeng, Parc de l'Europe 49°38'19,7452"N, 6°8'39,3061"O |
iwwer | Kierchbierg, Uewerstad, Lampertsbierg, Eech, Dummeldeng |
Bustyp | Standardbus |
opgaang | 13. Dezember 2020 |
technesch Donnéeën allkéiers fir Aller a Retour | |
Längt | 10.405 m, 11.218 m |
Fuerzäit | 33 min, 33 min |
mëttel Vitess | 18,92 km/h, 20,40 km/h |
Wéi am Dezember 2020 d'Tramslinn T1 bis op d'Gare verlängert an den AVL-Reseau ugepasst gouf, ass d'Linn 32 an d'Liewe geruff ginn, absënns fir eng direkt Verbindung vum „alen“ mam „neie“ Kierchbierg an doriwwer eraus bis an d'Stad bäizehalen.
(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)
Linn 32 | Bemierkung | |
---|---|---|
Mischekopp | ||
↓ | Kirchberg, Kierch | |
↓ | Paul Noesen | |
Prince Félix | ||
↑ | Paul Noesen | |
↑ | Kirchberg, Kierch | |
Schmëdd | ||
Sichegronn | ||
Antoine de St Exupéry | ||
Léon Hengen | ||
Niedergrünewald | ||
Philharmonie / MUDAM | ||
Rout Bréck - Pafendall | Gare Pafendall-Kierchbierg | |
Fondation Pescatore | ||
Badanstalt | ||
Crispinus | ||
Octroi | ||
Eecher Plaz | ||
Dommeldange, Contournement | ||
Dommeldange, Gare | Gare Dummeldeng | |
↑ | Sidney Thomas | |
Van der Meulen | ||
Jean Engling | ||
Parc de l'Europe | gemeinsamen Terminus mat der Linn 4 |
D'Streck déi vun deem Dag u gefuer gouf, war aus der fréierer Linn 31 entstanen, déi an zwéin Deeler opgespléckt gouf. D'Linn 32 ass dunn nees op Deeler vun der Streck vun der aler Linn J2 gefuer, déi bis Mee 2015 bestanen huet.
Wéinst dem Tramsschantjen ass d'Streck tëscht der Gare an der Uewerstad vum 3. November 2019 un iwwer d'Al Avenue, d'Al Bréck an de Boulevard Roosevelt amplaz iwwer d'Nei Avenue an d'Nei Bréck ëmgeleet ginn.
Commons: Ligne 32 (AVL) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article AVL-Linn 32, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.