D'AVL-Linn 30 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen.
Se fiert zanter dem 13. Dezember 2020 um Trajet Kierchbierg, Réimerwee - Stad - Lampertsbierg, Lycée Michel Lucius an zeréck. Tëscht der Uewerstad an dem Lampertsbierg fiert se parallel mat der Linn 8.
E Bus vun der Linn 30 um fréieren Trajet op der Bréisseler Plaz | |
Kierchbierg - Lampertsbierg | |
---|---|
Bedreiwer | Autobus de la Ville de Luxembourg, Régime général des transports routiers |
vu(n) | Kierchbierg, Réimerwee 49°37'56,50"N, 6°10'2,86"O |
op | Lampertsbierg, Lycée Michel Lucius 49°37'8,9"N, 6°6'52,4"O |
iwwer | Kierchbierg, Weimeschkierch, Eech, Uewerstad, Lampertsbierg |
Bustyp | Standardbus |
opgaang | 13. Dezember 2020 |
technesch Donnéeën allkéiers fir Aller a Retour | |
Längt | 9.394 m, 9.057 m |
Fuerzäit | 30 min, 29 min |
mëttel Vitess | 18,79 km/h, 18,74 km/h |
D'Linn 30 huet 25 Halte pro Richtung. Se fiert vu méindes bis samschdes all 20 Minutten a sonndes all hallef Stonn. Mueres fréi, owes spéit a sonndes de ganzen Dag fiert se just op der Streck Kierchbierg - Stad an zeréck; den Deel op de Lampertsbierg gëtt da vun der Linn 8 assuréiert.
(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)
Linn 30 | Bemierkung | |
---|---|---|
Lycée Michel Lucius | gemeinsamen Terminus mat de Linnen 2 an 8 | |
Batty Weber | ||
Uni Campus Limpertsberg | ||
Ermesinde | ||
Henri VII | ||
Faïencerie / INL | ||
Fondation Pescatore | ||
Badanstalt | ||
Crispinus | ||
Octroi | ||
Eecher Plaz | ||
Lavals Park | ||
Weimerskierch, Duerf | ||
Mäertesbuer | ||
Pierre-Eloi Schoué | ||
St Vith | ||
Paul Noesen | ||
Prince Félix | ||
Kierchbierg, Kierch | ||
Schmëdd | ||
Sichegronn | ||
Konrad Adenauer | ||
Avalon | ||
Chambre des Métiers | ||
Réimerwee |
Vum Lampertsbierg bis op d'Gemengegrenz am Rangwee ass se parallel mat der Linn 3 gefuer.
Wéinst dem Tramsschantjen ass den Trajet am Stadzentrum 14. August 2018 liicht geännert ginn an d'Linn 30 ass vun deem Dag un iwwer de Boulevard Royal an d'Neipuertsgaass amplaz iwwer d'Stäreplaz an d'Montereysavenue gefuer. Duerno ass och den Trajet tëscht der Gare an der Uewerstad den 3. November 2019 geännert ginn an d'Linn ass iwwer d'Al Avenue, d'Al Bréck an de Boulevard Roosevelt amplaz iwwer d'Nei Avenue an d'Nei Bréck gefuer.
Duerch eng Konventioun tëscht der Stad Lëtzebuerg an dem Mobilitéitsministère iwwer AVL-Buslinnen déi vun der Stad aus an eng Nopeschgemeng fueren, huet d'Linn 30 zum “service coordonné AVL/RGTR” gehéiert.
Commons: Ligne 30 (AVL) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article AVL-Linn 30, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.