Den 11.
Arrondissement ((fr) och nach Arrondissement de Popincourt) ass ee vun zwanzeg Stadbezierker vu Paräis. Et ass en diskreeten an e manner touristeschen Arrondissement wéi anerer. En huet eng aussergewéinlech Roll an der Geschicht vu Paräis a vu Frankräich gespillt. E louch am Häerz vum revolutionäre Frankräich a vun de groussen Aarbechterrevolte vum 19. Joerhonnert.
Quartieren | Folie-Méricourt, Saint-Ambroise, Roquette, Sainte-Marguerite |
---|---|
Buergermeeschter | François Vauglin |
Awunner | 142.583 |
Fläch | 3,67 km² |
Postcode | 75011 |
INSEE-Code | 75111 |
Koordinaten | 48°51'31,24"N, 2°22'45,50"O |
Am 11. Arrondissement gouf et fréier haaptsächlech Handwierksbetriber, haut ass et éischter e populären Arrondissement mat Baren an Diskothéike ronderëm der Place de la Bastille, der Rue Oberkampf an der Rue de Lappe.
Den 11. Arrondissement läit um rietsen Uwänner vun der Seine. E grenzt am Osten un den 20., am Westen un den 3. an den 10., am Norden un den 19. an am Süden un den 12. Arrondissement.
Wéi all Paräisser Arrondissement ass en a véier administrativ Quartieren ënnerdeelt:
Kleng Auswiel:
Commons: 11. Arrondissement vu Paräis – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article 11. Arrondissement vu Paräis, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.