Robert Moog

De Robert Bob Moog, gebuer den 23.

Mee">23. Mee 1934 zu New York City a gestuerwen den 21. August 2005 zu Asheville (North Carolina), war e Pionéier vun der elektronescher Musek an den Erfinder vum Moog-Synthesizer, eent vun deenen éischte wäitverbreeten elektronesche Museksinstrumenter.

Robert Moog
Robert Moog
Gebuer 23. Mee 1934
New York
Gestuerwen 21. August 2005
Asheville
Doudesursaach Hirekriibs
Nationalitéit USA
Educatioun Cornell University,
Berklee College of Music,
Bronx High School of Science
Aktivitéit Erfinder, Universitéitsprofesser, Museker
Robert Moog
Robert Moog
En Etherwave-Theremin, gebaut als Bausaz

Virun der Entwécklung vum Synthesizer stoung awer schonn en anert elektronescht Museksinstrument, d'Theremin, dat ee spillt ouni et direkt ze beréieren, an dat doduerch och haut nach relativ groussen Intressi fënnt. Nieft dem effektiven Erfinder Lev Sergejewitsch Termen (deen de Moog eréischt 1989 zu Paräis kennegeléiert huet) war och de Moog fir d'Weiderentwécklung vum Theremin vu Bedeitung.

Gielercher

Fir säi Liewenswierk ass de Moog schonn 1970 mam Grammy Trustees Award ausgezeechent ginn, dee fir Leeschtungen an der Musek geduecht ass, déi sech net op d'musekalescht Schaffe bezéien.

1991 gouf e mam SEAMUS Lifetime Achievement Award ausgezeechent. 2001 krut en den inoffizielle Nobelpräis fir Musek, de Polar Music Prize, an 2002 den Individual Technical Grammy.

Fir säin 78. Gebuertsdag huet Google e mat engem Doodle vu sengem programméierbaren a spillbare Synthesizer am Holzdesign geéiert, dee bal sou ausgesäit wéi de MiniMoog.

Literatur

  • Trevor Pinch & Frank Trocco: Analog Days: The Invention and Impact of the Moog Synthesizer. Harvard University Press, Cambridge (MA) 2002, ISBN 0-674-00889-8.
  • Oliver Zöllner: Synthetische Klänge. Nachruf Robert Moog (1934-2005). An: Rundfunk und Geschichte. 31. Joerg., 2005, Heft 3/4.

Um Spaweck

Commons: Robert Moog – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Tags:

Robert Moog GielercherRobert Moog LiteraturRobert Moog Um SpaweckRobert Moog1934200521. August23. MeeNew York CityNorth Carolina

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Rtl.luGarri Kimowitsch KasparowStamm (Biologie)Michel LentzThe Man Who Knew Too Much (Film 1934)KleeschenCassiopeia (Stärebild)SpektrographMarc Olinger22. AbrëllCamelopardalis (Stärebild)1964PrometheusDäitschlandISO 3166-1Suite (Mathematik)1870WëssenschaftDäitsch Demokratesch RepublikBléiMichel CleesGeorges ChristenE Buch am ZuchNorwegenJournalismusRonald ReaganErnst HaeckelMelickshaffAlaninFair useDiego CorralesRégine RenchonNeuffontainesKallisto (Mound)Syndicat intercommunal de dépollution des eaux résiduaires du Nord1859Stengeforter SchmelzFrançoise ThomaEdmond de la FontaineWale fir d'Europäescht Parlament 2024 (Lëtzebuerg)MelusinaStater TramKrichWaldbëlleger AffärPhoenix (Stärebild)Jean-Luc DehaeneTelly Savalas1975FeierstengszalotAly Kridel1707Ali RuckertGëlle FraLatexgezeiGemeng DéifferdengFilmJean Hamilius1984Henri vu LëtzebuergUlrich MüheFeilPortugalNicolas GonnerStee (Handel)Aquarius (Stärebild)Bomis1809🡆 More