De Robert Bob Moog, gebuer den 23.
Mee 1934 zu New York City a gestuerwen den 21. August 2005 zu Asheville (North Carolina), war e Pionéier vun der elektronescher Musek an den Erfinder vum Moog-Synthesizer, eent vun deenen éischte wäitverbreeten elektronesche Museksinstrumenter.
Robert Moog | |
---|---|
Gebuer | 23. Mee 1934 New York |
Gestuerwen | 21. August 2005 Asheville |
Doudesursaach | Hirekriibs |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Cornell University, Berklee College of Music, Bronx High School of Science |
Aktivitéit | Erfinder, Universitéitsprofesser, Museker |
Virun der Entwécklung vum Synthesizer stoung awer schonn en anert elektronescht Museksinstrument, d'Theremin, dat ee spillt ouni et direkt ze beréieren, an dat doduerch och haut nach relativ groussen Intressi fënnt. Nieft dem effektiven Erfinder Lev Sergejewitsch Termen (deen de Moog eréischt 1989 zu Paräis kennegeléiert huet) war och de Moog fir d'Weiderentwécklung vum Theremin vu Bedeitung.
Fir säi Liewenswierk ass de Moog schonn 1970 mam Grammy Trustees Award ausgezeechent ginn, dee fir Leeschtungen an der Musek geduecht ass, déi sech net op d'musekalescht Schaffe bezéien.
1991 gouf e mam SEAMUS Lifetime Achievement Award ausgezeechent. 2001 krut en den inoffizielle Nobelpräis fir Musek, de Polar Music Prize, an 2002 den Individual Technical Grammy.
Fir säin 78. Gebuertsdag huet Google e mat engem Doodle vu sengem programméierbaren a spillbare Synthesizer am Holzdesign geéiert, dee bal sou ausgesäit wéi de MiniMoog.
Commons: Robert Moog – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Robert Moog, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.