Den Dr Émile Mark, gebuer den 18.
Juli">18. Juli 1874 a gestuerwen den 19. Mee 1935 zu Déifferdeng, war e lëtzebuergesche Politiker (LSAP) a Veterinär.
Émile Mark | |
---|---|
Gebuer | 18. Juli 1874 Déifferdeng |
Gestuerwen | 19. Mee 1935 Déifferdeng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Véidokter |
Hie war Véidokter vu Beruff. Vun 1908 bis 1919 a vun 1925 bis 1935 war hie fir de Kanton Esch-Uelzecht, a vun 1922 bis 1925 fir de Bezierk Zentrum, Deputéierten an der Chamber a vun 1912 bis 1935 war e Buergermeeschter vun Déifferdeng.
Zu sengen Éiere gouf 1936 d'Avenue Max Meier zu Déifferdeng an Avenue Émile Mark ëmgenannt.
Den 9. August 1936 gouf am Park Gerlache e Monument zu Éiere vum Emile Mark ageweit. D'Monument gouf vum Claus Cito entworf. 2010 gouf d'Monument no engem neien Amenagement vum Park Gerlache op déi haiteg Plaz Eck Rue Adolphe-Krieps a Rue Michel-Rodange geréckelt.
Commons: Émile Mark – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Émile Mark, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.