Déifferdeng: Stad an Haaptuert vun der Gemeng

Déifferdeng (lokal: Déifferdang) ass eng Uertschaft an der Gemeng Déifferdeng an - op Basis vum Gesetz vum 4.

August 1907 - eng vun den 12 Stied am Groussherzogtum Lëtzebuerg. Déifferdeng läit tëscht den Uertschaften Nidderkuer an Uewerkuer.

Déifferdeng
Déifferdeng: Geographie, Geschicht, Kuckeswäertes
Bléck op de Fuussbann an Déifferdeng vum Bielesser Gaalgebierg aus
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Differdange
de: Differdingen
Land Lëtzebuerg
Kanton Esch-Uelzecht
Gemeng Déifferdeng: Geographie, Geschicht, Kuckeswäertes Déifferdeng
Buergermeeschter Guy Altmeisch (LSAP)
Awunner 15.455
  1. Januar 2021; 1. Januar 2022; 1. Januar 2023
Héicht 304 m
Koordinaten 49° 31’ 22’’ N
      05° 53’ 20’’ O
Déifferdeng: Geographie, Geschicht, Kuckeswäertes

Geographie

Déifferdeng läit am Südweste vu Lëtzebuerg.

Geschicht

Éischt Spueren déi an der Géigend Déifferdeng fonnt goufe weisen drop hin, datt schonn an der Alsteenzäit Mënschen an där Géigend gelieft hunn. Et goufen och siwe Réng fonnt déi ongeféier vun 800-500 v. Chr. stamen. Griewer aus der Zäit vun de Franken déi fonnt goufe waren dann och fir laang Zäit déi lescht Liewensbeweiser an där Géigend, bis datt am Joer 1235 den Alexander vun Zolwer e Klouschter baue gelooss huet, an domat och déi éischt Kéier den Numm Déifferdeng an engem Schenkungsakt zum Virschäi koum. Am Geschichtscours iwwer Déifferdeng steet: In der Grüdungsurkunde von 1235 heisst es, in der Sorge um seinen Seelenfrieden habe Alexander in Differdingen eine Kapelle errichtet und sie den Zisterzienserinnen geschenkt. [...]

Numm Déifferdeng a seng Variatiounen

Iwwer den Numm vun Déifferdeng gëtt et vill Variatioune wéi den Numm entstane ka sinn. De Jhemp Biver fänkt dofir och säin Artikel u mat der Fro, op den Numm Déifferdeng net och aus dem laténgesche Wuert "diverticulum" kann entstane sinn, wat en zweetrangege Kiem bedeit.

D'Tatsaach, datt am Däitschen den Numm mat der Endung -ing(en) ophält, léisst een unhuelen, datt d'Franken d'Regioun ëm Déifferdeng besat haten.

Et gouf Nimm mat laténgesche Racinnen, wéi zum Beispill:

Differtingen (1235) Tiffirdingen (1247) Thieferdanges (1274) Differdenges (1278)

Oder mat franséische Racinnen:

Thyeferdingen, Thiefferdanges (1468/1469) Thifferdanges (1472/1473)

Ausserdeem gëtt et och d'Méiglechkeet, datt den Numm vun verschiddene Personnagen hiergeleet gouf, wei zum Beispill: "die Genossen/Sippe des Diefried oder Diefridingen".

Abtei gëtt e Fleegeheem

D'Klouschter dat vum Alexander vun Zolwer gebaut gouf, gouf eng Zisterzienserinnenabtei. D'Schwësteren hunn haaptsächlech aus lëtzebuergeschen Adelsfamille gestaamt, mä lues a lues hu sech och Nonnen aus der Grenzregioun integréiert.

Wärend dem Drëssegjärege Krich (1618 - 1648) hat d'Abtei grouss Problemer fir weiderzebestoen, well d'Zaldote vun de feindlechen Truppen alles zerstéiert hunn.

An engem Dokument aus där Zäit heescht et: « Il plairat de considerer que ladite Abbaye exposé sur les frontiers, a souffert des pertes notables durant les guerres par divers fois, et signament depuis l'an 1635. Les Suédois, les Croattes, Hongrois, Polonais, Lorrains, François, et autres ont enlevé les meubles, bestailles, grains et ustensiles. Mesmes les ferrailles des portes et fenestres, le plomb des toicts, tellement que les Dames Religieuses et Domestiques ont esté contraints de se retirer chez leurs parens souvent, et par bonnes espaces de temps, pendant la derniere guerre, on a esté obligé de fournir une somme notable aux François pour la contribution. Leurs censes (fermes) au nombre de quattre sont entièrement bruslees et demolies. La quatriesme partie du Cloitre est tombé, deux autres et la tour de l'Eglise menacent la ruine. »

Déi lescht Äbtissin huet Marie-Madeleine de Gourcy geheescht, soudatt och nach haut d'Fleegeheem ënner dem Numm "Fontaine Marie" besteet.

Eréischt am Joer 1929 huet d'Gemeng Déifferdeng sech dozou bereet erkläert d'Abtei, déi zu der Zäit scho puermol zur Stee prett stoung, ze kafen an huet dunn e Spidol draus gemaach.

Am Joer 1981 huet dunn de Lëtzebuerger Staat d'Spidol kaf an zanterhier ass et e Fleegeheem ënner der Leedung vum SERVIOR.

Kuckeswäertes

Eng Rëtsch Gebaier zu Déifferdeng an der Victor-Hugo-, der Niklos- an der Émile-Mark-Strooss goufen an d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter opgeholl an als Inventaire supplémentaire klasséiert. Och den Agank vun der Minière Thillebierg gouf do agedroen.

Éierebierger

Literatur zum Theema

  • 100 Joer Déifferdeng, Bäilag vum Tageblatt Nr. 179 vum 3. August 2007, 24 S.
  • 100 Joer Stad Déifferdeng, Bäilag vum Wort Nr. 180 vum 4. a 5. August 2007, 48 S.
  • Ville de Differdange 1907 - 2007, Réminicences:... À la recherche du temps perdu (Marcel Proust) / Stadt Differdingen 1907 - 2007, Erinnerungen:... Auf der Suche nach der verlorenen Zeit (Marcel Proust), an der Serie: Korspronk, erausgi vun den Déifferdenger Geschichtsfrënn, Korspronk 21 / 2007; préparéiert a geschriwe vu(n) Erny Hilgert, François Schroeder, Roland Courtois, Norbert Schmit, Jhemp Biver, Koordinatioun an definitiv Editioun: Jhemp Biver; Reproduktioune vun de Fotoen: Pierre Pasquali; Zeechnungen: Gast Heuschling. Dréckerei Heintz, Péiteng.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Déifferdeng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Tags:

Déifferdeng GeographieDéifferdeng GeschichtDéifferdeng KuckeswäertesDéifferdeng ÉierebiergerDéifferdeng Literatur zum TheemaDéifferdeng Kuckt ochDéifferdeng Um SpaweckDéifferdeng19074. AugustGemeng DéifferdengLëscht vun de Lëtzebuerger StiedLëtzebuerg (Land)NidderkuerUewerkuer

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Gemeng MierschRadiant (Astronomie)LiewelIelwenHasselt (Belsch)EngleschPolenOlivier Catani1987Dominik MollSchëld A, 5SchwiefelBlémerey (Meurthe-et-Moselle)FrankräichDistrikt DikrechDEM L 106Vk.comGermaine DamarSantiago CalatravaMichael CannonPhilippinnenRishi SunakLycée du NordSchlass KlierfLëscht vu SeriemäerderDepartement Meurthe-et-MoselleMassimo FranciosaNicolas WelschReimsVolleksrepublik ChinaGrondsteenWebbrowserMaison Croeff1381KrätzLuka Tonnar12. JuniParcoulCanton d'Aramon78011. AugustBarbara Steele1991Sophie & MagalyInstituto Federal da BahiaDe FeierwonGummStaatsrot (Lëtzebuerg)Lignières-sur-AireRousemaräinLëscht vun de lëtzebuergesche SpréchwierderEkologesche Foussofdrock1516Arrondissement NeversCity Shopping BusNotzlaaschtDondelVia LemovicensisComment réussir quand on est con et pleurnichard285Barbara SchöneDäitsch EuromënzenIrkutskNicolas Majerus (Politiker)7. Arrondissement vu Paräis🡆 More