Grondprinzipien
Op der Wikipedia wiisst d'Informatioun sou séier, an domat och de Bedarf un engem organiséierten an thematesch zortéierten Inhaltsverzeechnes an anere Lëschten. Et gëtt och eist automatescht Artikelverzeechnis, wou d'Artikelen dem Alphabet no zortéiert sinn, mee dëst ass fir nei Benotzer duerch déi sëlleche Redirecten net ëmmer sou einfach z'iwwerblécken.
Lëschte kennen en immens gudde Wee duerch den Informatiounsbësch vun der Wikipedia sinn, virausgesat si gi sënnvoll strukturéiert, reegelméisseg kontrolléiert, erweidert, an ënnerenaner a Verbindung bruecht.
Zum Deel si Lëschten an der Tëschenzäit duerch d'Technik vun de Kategorien ofgeléist ginn. Lëschten hunn awer am Géigesaz zu de „Kategorien“ de Virdeel, datt si den Inhalt méi eendeiteg definéieren, an net un eng bestëmmte Struktur gebonne sinn..
Lëschten erfëllen e puer Funktiounen:
Eng "Lëscht vun alle Lëschten" déi d'Lëtzebuerger Wikipedia am Moment huet sinn d'Wiki: Referenztabellen.
Wann Dir eng nei Lëscht zu engem Thema opsetze wëllt, passt wgl. op follgend Punkten op.
Genee wéi bei den Artikele gehéiert och zu enger Lëscht e klengen Introduktiounssaz. Dat ass net nëmmen eng nëtzlech Informatioun zum Zweck vun der Lëscht fir d'Wikipedianer selwer, mee kann och nach extra Hiweiser op verschidde Problematike ginn. Als Beispill kënnt Dir Iech d'Lëscht vun de Pharaonen ukucken, déi eng noutwänneg Explikatioun virun der Lëscht selwer huet.
Als Nummkonventioun huet sech eng Benennung mat "Lëscht" etabléiert, fir Lëschten-Artikele kloer vun den normalen Artikelen ze trennen. Den Titel vun enger Lëscht sollt awer trotzdem normal a grammatikalesch korrekt sinn. Als Beispill: "Lëscht vun de franséische Monarchen" oder och nach "Lëscht vu Philosophen".
Wann eng Lëscht ze grouss gëtt, soll ee kucken, op en net eng Méiglechkeet gëtt, se opzedeelen. E gutt Beispill heifir ass eis Lëscht vun de chrëschtlechen Hellegen, déi ze grouss (Richtwäert 32k pro Säit) ass, fir op enger eenzelner Säit ze stoen. Dofir gouf si alphabetesch ënnerdeelt. Wann Dir sou eppes maache musst, halt Iech wgl. fir d'Ënnerdeelung un d'Schema Lëscht vun engem Thema/A; Lëscht vun engem Thema/B asw.
Wann eng Lëscht immens laang ass, sollt si eng Navigatiounsvirlag enthalen. En alphabetescht Inhaltsverzeechnis léisst sech zum Beispill mat {{subst:TOC}} uweisen (kuckt och Virlagen). Dozou muss d'Säit an alphabetesch Iwwerschrëfte wéi an de Formatvirlagen agedeelt sinn.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Wiki:Lëschten, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.