D'Veronica Ferres, gebuer den 10.
Juni">10. Juni 1965 zu Solingen als Veronika Maria Cäcilia Ferres, ass eng däitsch Schauspillerin. Dem grousse Public gouf si 1996 am däitschsproochege Raum duerch hir Haaptroll am Sönke Wortmann sengem Film Das Superweib bekannt.
Veronica Ferres | |
---|---|
Portarit vun 2012 | |
Gebuertsnumm | Veronika Maria Cäcilie Ferres |
Gebuer | 10. Juni 1965 Solingen |
Nationalitéit | Däitschland |
Educatioun | Universitéit vu München |
Aktivitéit | Filmschauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Helmut Dietl, Carsten Maschmeyer |
Kand | Lilly Krug |
No e puer Rollen am Theater huet hir Schauspillcarrière an Televisiounsfilmer a -serien ugefaangen, wou se an Die Zweite Heimat vum Edgar Reitz opgefall ass. E puer Joer laang gouf se op Rollen als mockelech-lackelech Blondine ge-typecast.
Nodeem se ofgeholl hat huet s'a Filmer wéi Schtonk!, Rossini - oder die mörderische Frage, wer mit wem schlief a Late Show vum Helmut Dietl matgespillt, mat deem se déi Zäit och eng Relatioun hat, oder an Das Superweib (1996), deen e grousse Succès am Kino war. Televisiounsfilmer aus där Zäit sinn Eine ungehorsame Frau (1998), Peter und Paul. Zënterdeems spillt si och an internationale Produktioune mat wéi Les Misérables, enger franséischer Tëleesserie aus dem Joer 2000.
An den 2000er Joren huet si virun allem an Tëleesfilmer matgespillt, wéi Die Manns - Ein Jahrhundertroman (2001), Annas Heimkehr (2003), Sterne leuchten auch am Tag (2004), Neger, Neger, Schornsteinfeger! (2005), Mein alter Freund Fritz an Das Ende der Eiszeit (2007), Die Frau vom Checkpoint Charlie (2008) oder Rosannas Tochter (2009); ma och a Kinosfilmer wéi Die wilden Hühner (2006), Klimt (2007), Das Wunder von Berlin (2008), Adam Resurrected (2008), Das Leben ist zu lang, Sie hat es verdient an Unter Bauern - Retter in der Nacht (2009).
De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
Commons: Veronica Ferres – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Veronica Ferres, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.