Trapez Am Orion

D'Trapez (och θ1-Orionis) ass en optesche Méifachstär am Orionniwwel.

Et besteet aus véier Stären, déi all physesch Méifachstäre sinn. Tatsächlech ass d'Trapez déi hellst Komponent vun engem Oppene Stärekoup mat enger grousser Stärendicht, den Orion-Trapezium-Koup mat engem Duerchmiesser vu ronn 1,5 Liichtjoer am Zentrum vum Orionniwwel.

Trapez Am Orion
D'Trapezstären am Zentrum vum Orion-Niwwel. Lénks am visuellen, riets am infraroude Liicht.

Astronomesch Bedeitung

D'Trapezstären hu sech viru ronn 300.000 Joer direkt aus dem Material vum Orionniwwel geformt a reegen hien haut duerch Ionisatioun zum Liichten un. Si dreiwen d'Gas- a Stëbswollek duerch hire Stärewand auserneen a loossen eng sphäeroid Hielecht entstoen, där hire Kär vun der Ionisatiounsstralung opgehellt gëtt a sou deen Deel vum Orionniwwel formt, dee vun der Äerd aus däitlech ze gesinn ass. D'Stären am Trapez hunn tëscht 15 a 40 Sonnemassen. Den Trapeziumkoup ass eng jonk Ënnergrupp vum groussen Orionniwwel-Koup, deen aus ongeféier 2000 Stären, verdeelt iwwer nëmme ronn 20 Liichtjoer, besteet.

Stär Spektralklass Visuell Magnitude Bemierkung
θ1 Orionis A (V 1016 Ori) B1 6,7 Bedeckungsverännerleche Duebelstär
θ1 Orionis B (BM Ori) B0 8,0 Véierfachstär
θ1 Orionis C O6 5,1 Duebelstär, hellste Stär am Trapez
θ1 Orionis D B0,5 6,7 Duebelstär

Entdeckungsgeschicht

Am Joer 1610 hat de franséischen Astronom Nicolas-Claude Fabri de Peiresc säin Teleskop als éischten op dës Regioun geriicht. Hie gëllt haut als Entdecker vum Trapez. E puer Joer méi spéit, 1617 huet och de Galileo Galilei déi Regioun observéiert. Seng Observatiounen hat hien ausféierlech an engem Notizbuch ageschriwwen. Vum Trapez hat hien déi dräi hellst Komponenten A, C an D festgehalen. Hien hat vermierkt, datt vun de Komponenten A an D ongeféier eng sou hell wéi déi aner ass, an zu der Komponent C de selwechten Ofstand hätt. Weider leien d'Komponenten A an D sou no beim C, datt se dee praktesch beréieren. Domat war Theta 1 Orionis den éischte Stär, dee mat engem Teleskop an e puer Komponenten opgeléist gouf.

Am Joer 1656 huet den hollänneschen Astronom Christiaan Huygens den Orionniwwel observéiert. Duerch seng Zeechnung hat de Christiaan Huygens bis an d'19. Joerhonnert als den Entdecker vum Orionniwwel an dem Trapez gegollt. Allerdéngs hat hien - wéi schonn de Galileo Galilei virdrun - vun den eigentlechen Trapezstären, der och nëmmen dräi gesinn. 1673 huet den Abbe Jean Picard e véierte Stär am Kär vum Niwwel entdeckt. Och de Christiaan Huygens huet dee Stär am Joer 1684 gesinn an huet déi Grupp "Trapezium" genannt.

Kuckt och

Trapez Am Orion  Portal Astronomie

Um Spaweck

Commons: Trapez (Astronomie) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Tags:

Trapez Am Orion Astronomesch BedeitungTrapez Am Orion EntdeckungsgeschichtTrapez Am Orion Kuckt ochTrapez Am Orion Um SpaweckTrapez Am OrionDuebelstärLiichtjoerOppene StärekoupOrionniwwel

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Leekollen zu LëtzebuergCFL 5519Lionel MessiJean vu LëtzebuergMasturbatiounFändel vu LëtzebuergLiz BrazSchëld E, 21eMenster.jpJean NicolasHaushongRīgaBitcoinLiège-Bastogne-Liège 2019Die WarteFelipe I. vu KastilienCristiano RonaldoStroossbuergRiedelenFränz HausemerNivellement général du LuxembourgBousCampus Geesseknäppchen1788Charles MargueMisärsbréckGemeng DippechKlierfDemokratesch ParteiBouferGaasperechKathoulesch KierchJean-Pierre KemmerCôte de StockeuAvenue John-F.-Kennedy (Stad Lëtzebuerg)FC Blo-Wäiss Izeg2010Openthalt vum Louis XIV. vu Frankräich zu LëtzebuergZäitJohn BelliClaude RederVulvaKJoost MeesAix-Noulette1827Max Goergen20061829MediaWiki2009Doudesstrof zu LëtzebuergBaby(a)loneBetty Fontaine6. AbrëllKapitalismusPaul RicoeurGérard ClaudeFoussball-WeltmeeschterschaftOuljenDylan RyderDiddelenger SchmelzC.A. Spora LëtzebuergAlex DonnersbachHaidy JacobiVietnamAusterechampignon5. Dezember2003🡆 More