De Séisskäschtebam, Castanea sativa Mill., dee Käschten dréit, ass e Bam aus dem Süde vun Europa, a gouf am Norde vun de Réimer praktesch gläichzäiteg mat der Rief agefouert.
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Séisskäschtbam gëtt et nach an Nordafrika an a Westasien. An Europa ass et den eenzege Vertrieder vun der Gattung Castanea.
E Séisskäschtebam | |
Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
---|---|
Räich | Planzeräich |
Ofdeelung | Bléieplanzen |
Klass | Magnoliopsida |
Uerdnung | Fagales |
Famill | Bicheplanzen |
Gattung | Castanea |
Wëssenschaftlechen Numm | |
Castanea sativa | |
Mill. |
Et ass e Bam, deen e waarme Klima brauch, an en ass empfindlech géint de Frascht.
Op dréchenen a sandege Biedem ass net vill un Zouwuess z'erwaarden, soss huet en awer keng grouss Uspréch un de Buedem.
D'Séisskäschtebeem kënne bis iwwer 400 Joer al ginn. An de Bëscher gi se a Südwestdäitschland, Bulgarien, Italien an a Rumänien ugeplanzt.
D'Friichte stinn a Kluddere vun zwou oder dräi ongeféier 3×4 cm groussen helle gielgrénge Schuelen, déi banne mat wäisse seidegen Hoer ausgekleet sinn. Et si meeschtens zwou Käschten an all Schuel, wouvun déi eng déck an zimmlech ronn ass, an déi aner kleng a konkav. Se sinn däischtergbrong a blénkeg.
Commons: Castanea – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Séisskäschtebam, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.