De Romain Urhausen, gebuer den 29.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
September">29. September 1930 zu Rëmeleng, a gestuerwen de 7. Juli 2021, war e lëtzebuergesche Fotograf, Miwwel- a Bijousdesigner, Sculpteur, Architekt a Filmregisseur.
Romain Urhausen | |
---|---|
Gebuer | 29. September 1930 Rëmeleng |
Gestuerwen | 7. Juli 2021 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Hochschule der Bildenden Künste Saar |
Aktivitéit | Fotograf, Designer, Sculpteur, Architekt, Filmregisseur |
Hien huet zu Paräis an duerno zu Saarbrécken op der Staatlecher Schoul fir Konscht an Handwierk beim Otto Steinert studéiert, an ass dunn eng Zäit op Paräis wunne gaangen. Dono gouf hien Enseignant fir Fotografie op der Werkkunstschule Dortmund
Als Fotograf war hie virun allem tëscht 1950 an 1970 aktiv. Hien huet souwuel kënschtleresch an experimentell Fotoe gemaach, wéi och Schnappschëss, Publicitéits- a Portraitsfotoen.
Den Edward Steichen hat den Urhausen uganks vun den 1950er Joren entdeckt an huet seng Konscht 1953 an der Ausstellung „Postwar European Photography“ am Museum of Modern Art (MoMA) zu New York ausgestallt.
Bekannt gouf de Romain Urhausen ë. a. mat engem Buch iwwer d'Paräisser Maarthalen an deem de Jacques Prévert den Text geschriwwen huet.
Vun den 1970er un Joren huet hie sech méi mat Design an Architektur beschäftegt. Hien zielt zu de Vertrieder vun der subjektiver Fotografie.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Romain Urhausen, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.