E Remix ass e Lidd dat geännert oder komplett ëmgestallt gëtt fir datt et sech anescht unhéiert wéi d'Original.
D'Héicht vum Sänger senger Stëmm oder d'Vitess vum Lidd kann zum Beispill änneren. D'Konzept vum Remix gëtt et haaptsächlech an de Museksgenre Pop, Dance, Hip-Hop an R&B.
Et gëtt verschidde Grënn fir e Remix vun engem Lidd ze maachen. Sou kann een z. B. e Lidd remixe fir datt et um Radio oder an engem Club gespillt gëtt.
E Remix soll net mat de follgende "Mixe" verwiesselt ginn:
Et kënnt vir, datt e Remix kommerziell méi erfollegräich ass wéi d'Originalversioun. E Beispill dofir ass dem Todd Terry säi Remix vu Missing vun Everything but the Girl Mëtt der 1990er Joren, dat Ufanks nach net vill Succès hat, mä nom Remix et bis op d'Nummer 1 an Däitschland, Dänemark, Kanada an Italie bruecht huet.
Verschidde Kënschtler hu ganz Albume mat Remixversioune vun hire Lidder verëffentlecht. Mat ëm déi sechs Millioune verkaaften Exemplairen ass dem Michael Jackson säi Blood on the Dance Floor: HIStory in the Mix vun 1997 de meeschtverkaafte Remixalbum op der Welt.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Remix, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.