Redoute

Eng Redoute (op Däitsch och nach Feldschanze) ass e Festungswierk dat aus enger befestegter Plaz besteet, déi normalerweis bausse vun engem méi grousse Fort läit.

Si huet als Aufgab, Zaldote Schutz ze ginn déi virun der Haaptfestungslinn kämpfen.

Baugeschicht

Redoutë gëtt et zanter dem Mëttelalter. Am 19. Joerhonnert, mat der Entwécklung vu staarker Belagerungsartillerie, si Redouten hirer Aufgab net méi gerecht ginn. Am éischte Weltkrich goufe Redouten als befestegt Ënnerstänn an der Frontlinn gebaut. Mat am bekanntsten ass déi däitsch Redoute vun Hawthorn Ridge, déi den 1. Juli 1916 no Ënnerminéierung vun de Britte gesprengt gouf.
Den Terme ka fir eng grouss Pallett vu Befestegunge gebraucht ginn, ma generell ënnerscheet een tëscht oppenen an zouene Redouten.

Oppe Redoute

Redoute 
Schema vun enger oppener Redoute (aus: Legrand-Girarde et Plessix. Manuel complet de fortification. 4e édition. Paris (1909)

Als oppe Redoute gëtt all Befestegung, temporär oder permanent, bezeechent déi aus 3 Säite besteet déi dem Géigner zougewand sinn; enger Front an zwou Flanken. Dës hunn als Zweck de Schutz vun der eegener Infanterie. Si kënnen a Feldschluechten aus engem Äerdwall bestoen, oder am Kontext vum Festungsbau aus Mauerwierk sinn. Si ware wéinst hirer einfacher Struktur séier gebaut, ma hiren Nodeel war, datt se dacks relativ grouss doudeg Wénkelen haten, besonnesch bei gemauerte Wierker. Hir Kiel ass op, dowéinst gi si am Festungsbau och nach als Hallefredoute bezeechent.

Redoute 
Schema vun zounenen, polygonale Redouten (aus: Legrand-Girarde et Plessix. Manuel complet de fortification. 4e édition. Paris (1909)

Zoue Redoute

Als zoue Redoute bezeechent ee méi stabil Festungswierker virun der Haaptfestungslinn, déi aus engem klengen, zouenen Ënnerstand bestanen hunn an dee sech Verdeedeger konnte zeréckzéien. An der einfachster Form hu si 4 Säiten an doduerch och grouss doudeg Wénkele vun 30° virun den Ecker. An der Weiderentwécklung si Redoutë polygonal gebaut ginn, mat 5 oder 6 Ecker, déi den doudege Wénkel op 12°, duerno 0° reduzéiert hunn. Redoutë sinn historesch nëmme schwaach Festungswierker déi kee wierklechen Impakt op eng Belagerung konnten hunn. Ma duerch d'Verstäerkung vun enger Redoute mat, zum Beispill, enger Enveloppe oder engem Gruef konnt se zum Fort ausgebaut ginn, woubäi d'Gebai vun der Redoute selwer dann als Réduit ëmbenannt gouf.

Beispiller vu Redouten

Redoute 
D'Redoute vu Rivedoux op der Île de Ré

Referenzen

Tags:

Redoute BaugeschichtRedoute Beispiller vu nRedoute

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

BriasThe SearchersDubaiBiergertumGrit BoettcherArizonaVeganismusBitcoin13. Joerhonnert1953Curtis BernhardtGR-WäitwanderweeërBlue (Film 1968)OralverkéierNapoleon BonaparteWikipedia op LëtzebuergeschArabeschFort RumignyIron MaidenFoussballStéphanie ObertinTintin1938DominicaLëtzebuerg (Stad)BommeleeërBurkina FasoFort NiedergrünewaldLettland.kyGrandi cacciatoriDie Beine von DoloresV2002Sous le sableAdolf HitlerFrankräichLilleAthenVull vum Joer1424NauruUkrainThe Three Musketeers (Film 1948)Lëscht vun de lëtzebuergesche RiedensaartenGromperekichelchenCharles-Mathias SimonsHomosexualitéitLeón (Spuenien)Lëscht vun de franséische MonarchenSpréifCannesHollandGustave FlaubertTurkmenistan20. AbrëllGiant's CausewayOuschterenSyndicat des eaux du CentreAmerika (Kontinent)Drive (Film 2011)Anna BochLéiffraekierch (Tréier)The Lord of the RingsIndonesienVicus RicciacusTrinidad an TobagoHaaptsäitZäitalter vun de Lumières1968Gerald FordNierRomain Bausch🡆 More