Port-Au-Prince

Port-au-Prince (haitianesch Pòtoprens, spuenesch Puerto Príncipe) ass d'Haaptstad vun Haiti.

Si läit am Golf vu Gonaïves an hat 2006 geschaten 1.275.000 Awunner (2,2 Milliounen, wann een d'Banlieue matzielt).

Port-Au-Prince
De Presidentepalais zu Port-au-Prince, ier e vum Äerdbiewen 2010 zerstéiert gouf.

Geschicht

Port-au-Prince gouf 1749 vu franséische Zockerrouerplanzerte gegrënnt. 1770 huet et Cap-Haïtien als Haaptstad vun der franséischer Kolonie ofgeléist. 1804 gouf Port-au-Prince d'Haaptstad vum onofhängege Staat Haiti. 1861 gouf et Bëschofssëtz an 1944 gouf d'Université d'État d'Haïti gegrënnt.

Den 12. Januar 2010 gouf et um 16:53 Auer Lokalzäit e schwéiert Äerdbiewe vun der Stäerkt 7,6 MW, dat grouss Deeler vun der Stad an e Koup gehäit huet, a méi wéi 217.000 Doudesaffer mat sech bruecht huet.

Verkéier

Vu Port-au-Prince ginn 3 Haaptstroosse fort: D'Route Nationale 1 féiert vu Port-au-Prince aus op Cap-Haïtien am Norden. D'Route Nationale 2 verbënnt d'Haaptstad mat Les Cayes op der Tiburon-Hallefinsel. D'Route Nationale 3 verbënnt Port-au-Prince och mam Cap-Haitien, geet awer iwwer Mirebalais an Hinche.

Den internationalen Hafe vu Port-au-Prince, dee gréissten am Land, gouf beim Äerdbiewe staark beschiedegt. De Fluchhafen, nom Toussaint Louverture benannt, gouf 1940 ageweit an 1965 méi grouss gemaach. E läit 10 km nërdlech vun der Stad.

Kuckeswäertes

Bekannt Gebaier waren de Presidentepalais (Palais National) an d'Kathedral vu Port-au-Prince, si goufen allebéid vum Äerdbiewe vun 2010 zerstéiert.


Commons: Port-au-Prince – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

2006HaitiSpuenesch

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Alain AttenFC Déifferdeng 03BigelbaachCharles SubervilleLudwig LevyMonumenter vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg (L)Johannes VermeerLuxairFélix BrazLëscht vun de lëtzebuergesche Spréchwierder12071957Côte de WannePsychologieWëllem IV. vu LëtzebuergKoordinéiert WeltzäitFrankräichInstitut supérieur d'études et de recherches pédagogiquesLes inconnus dans la maisonMuselLiège-Bastogne-Liège 2024Vera TschechowaLëtzebuerger Filmpräis 2021Gëlle FraFranséischHypertext Transfer ProtocolLiliane Thorn-PetitPablo EscobarManneken PisResistenz zu LëtzebuergRobert vu LëtzebuergDagestanTom JungenGemeng Wolz1919Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften, Häff a Lieu-diten23. JuniGolf vum OmanStiefesdagAlbert BorschetteIndonesienBenny BergUniversumGréiwelsMierschMarie-Antoinette vun ÉisträichHaaptsäitJoresofschlossHenri KoxRené PutzeysFaustiZäitPersesche GolfHenri WehenkelGattung (Biologie)2006Hugues Le GallaisZentralbankClinique Saint-FrançoisEuropäesch CommunautéitenDepartement Puy-de-DômeBenito MussoliniPatrick SanaviaLëscht vun de lëtzebuergesche PremierministerenMuttergottesliddMir d'Vollek (Lëtzebuergesch Partei)Huelen ZantRoger DiederichBangladeschGroussherzog vu LëtzebuergWe' meng Mamm nach huet gesponnen🡆 More