Petr Fiala

De Petr Fiala, gebuer den 1.

September">1. September 1964 zu Brno, ass en tschechesche Politikwëssenschaftler, Historiker a Politiker, an zanter dem 28. November 2021 Ministerpresident vun der Tschechescher Republik.

Petr Fiala
Petr Fiala
Gebuer 1. September 1964
Brno
Nationalitéit Tschechesch Republik
Educatioun Karls-Universitéit
Aktivitéit Politolog, Politiker, Pedagog, Historiker, Redakter
Partei ODS
Petr Fiala

Hie war Professer fir Politikwëssenschaft op, a vun 2004 bis 2011 Rekter vun der Masaryk-Universitéit zu Brno. Vun 2012 bis 2013 war hien tschecheschen Edukatiounsminister. Hien ass zanter Januar 2014 Parteipresident vun der liberal-konservativer Občanská demokratická strana (ODS).

Bei de Parlamentswalen 2021 war hie Spëtzekandidat vun der oppositioneller Walkoalitioun SPOLU, déi sech aus de Parteien ODS, KDU–ČSL an TOP 09 zesummegesat huet, an déi der Regierung vum Premier Andrej Babiš en Enn maache wollten, deem seng Vermëschung vu privaten an ëffentlechen Intressen a säi Management vun der COVID-19-Pandemie se kritiséiert hunn.

D'SPOLU huet knapps virum Babis senger ANO gewonnen, a mat der Tschechescher Piratepartei a STAN den 11. November e Koalitousvertrag ënnerschriwwen. Den 28. November 2021 gouf de Petr Fiala vum Staatspresident Miloš Zeman zum Ministerpresident ernannt. De 17. Dezember 2021 gouf seng Regierung vereedegt.

Um Spaweck

Commons: Petr Fiala – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen


Tags:

1. September1964BrnoPolitikerTschechien

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

KleeschenFlorida1978Lëscht vun de lëtzebuergesche Bäiträg beim Eurovision Song ContestLes inconnus dans la maisonMoskauE-Bass2. FebruarLëscht vun de lëtzebuergesche RiedensaartenMichel LegrandRobert Krieps23. JanuarChrëschtlech-Sozial VolleksparteiPhilippinnenGustave SertaZäitEise PappJoanne GoebbelsRobert vu LëtzebuergMelusinaLëscht vun de Membere vum Lëtzebuerger StaatsrotKnuedlerJacques BrocquartD'Pierle vum DaPortraits d'artistesCroix de Guerre (Lëtzebuerg)René KollwelterLiliane Thorn-PetitTelekommunikatiounJeannot LunkesUruguayPierre FriedenXavier BettelKanton Esch-UelzechtAli RuckertJhemp HoscheitWikipediaFrancis of DeliriumWëllem IV. vu LëtzebuergLëtzebuerger Filmpräis 2016UkrainRue MohrfelsYonas KindePol LeursKroatienWeltgesondheetsorganisatioun2. MäerzKasachstanNicolas WampachVk.comRassissemSarah SchreiberSowjetuniounEsch-UelzechtSchwäizCôte de la Redoute2006WikiPersesche GolfGolf vum OmanEdmond de la FontaineMazedoneschLDSecondairesschoulen zu LëtzebuergPablo EscobarResistenz zu LëtzebuergLëtzebuerger Filmpräis 2018MullebutzJang de BlannenObligatiounKanton DikrechLëtzebuergesch Kichespezialitéiten🡆 More