De Paul Josef Crutzen, gebuer den 3.
Dezember">3. Dezember 1933 zu Amsterdam a gestuerwen den 28. Januar 2021, war en hollännesche Meteorolog an Nobelpräisdréier.
Paul Crutzen | |
---|---|
Gebuer | 3. Dezember 1933 Amsterdam |
Gestuerwen | 28. Januar 2021 Mainz |
Nationalitéit | Holland |
Educatioun | Universitéit vu Stockholm |
Aktivitéit | Chimist, Ingenieur, Universitéitsprofesser, Meteorolog |
Member vun | Royal Society, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Peepstlech Akademie vun de Wëssenschaften, National Academy of Sciences, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Academia Europaea, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, Accademia Nazionale dei Lincei, American Academy of Arts and Sciences, American Philosophical Society |
Hie war vun 1980 bis 2000 Direkter vum Max-Planck-Institut für Chemie zu Mainz a krut 1995 den Nobelpräis fir Chimie fir seng Aarbechten um Gebitt vun der Atmosphärechimie. Hien huet de Begrëff "Anthropozän" erfonnt, mat där eis Äerdepoch beschriwwe gëtt, déi duerch gewalteg Agrëffer duerch de Mënsch gepräägt gëtt. Och Berechnungen zum Nukleare Wanter ginn op hien zeréck. An der lescht huet hien d'Mënschheet virdru gewarnt, datt eng Klimakatastroph ëmmer méi no kéim, a gefuerdert, datt a punkto Klimapolitik vill méi séier gehandelt misst ginn.
De Crutzen huet 1968 a Schweden an Doktorat a Meteorologie gemaach, an och do op der Univesitéit Stockholm enseignéiert. 1973 huet hie sech um meteorologeschen Institut vun der Universitéit Stockholm (MISU) mam Theema On the photochemistry of ozone in the stratosphere and troposphere and pollution of the stratosphere by high-flying aircraft habilitéiert.
Säi Haaptfuerschungsgebitt war d'Chimie vun der Atmosphär. Am bekanntste si seng Fuerschungen iwwer den Ofbau vum Ozon an der Stratosphär duerch Gase wéi den Distéckstoffmonoxid (N2O.
Vun 1977 bis 1980 huet hien eng Sektioun vum National Center for Atmospheric Research zu Boulder, Colorado geleet. 1980 gouf e Wëssenschaftleche Member vum Max-Planck-Institut für Chemie zu Mainz an do Direkter vun der Sektioun Chimie vun der Atmosphär. Des Weideren huet hien op verschiddenen Universitéite Coursë gehalen.
An den 1980er Joren huet de Paul Crutzen weesentlech zu der Opklärung vun de physikaleschen a cheemesche Grondlage fir d'Entstoe vum Ozonlach bäigesroen. Dofir krut en 1995, zesumme mam Mario J. Molina a mam Frank S. Rowland de Chimie-Nobelpräis.
Commons: Paul Crutzen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Paul Crutzen, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.