Den Nicolas Zimmer, gebuer 1873 a gestuerwen den 9.
November">9. November 1941 war e lëtzebuergeschen Industriellen.
Nicolas Zimmer | |
---|---|
Gebuer | 1873 |
Gestuerwen | 9. November 1941 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Hie war e Self-made-man an Autodidakt, dee sech fir den Handel begeeschtert huet.
Hien huet sech 1898 mat der Anna Maroldt bestuet a si hunn, dat selwecht Joer, zesummen ënner dem Numm Établissements Nicolas Zimmer.Maroldt eng Firma gegrënnt déi ënner dem méi kuerze Numm Nizi spéider bekannt ginn ass. D'Haaptaktivitéit war den Handel mat Materialien (Metaller, Äerzer, Schlaken,...) déi an der Stolindustrie gebraucht gi sinn.
De Familljebetrib gouf 1923 an eng Société anonyme ëmgewandelt a krut den Numm Compagnie des Mines et Métaux S.A. ouni datt d'Aktiviéit vun der Firma geännert huet.
1924 gouf hien ee vun den Administrateure vun der Faarwefabrik 'PRIOR AG'.
Duerch seng weltwäit Kontakter gouf den Nicolas Zimmer spuenesche Vizekonsul zu Lëtzebuerg.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Nicolas Zimmer, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.