Miles to Perdition ass eng lëtzebuergesch Death-Metal-Band vun Esch-Uelzecht.
Miles to Perdition | |
---|---|
De Gruppemember Ken Pletschet um Wacken Open Air 2016 | |
Museksgenre | Melodic Death Metal |
Land | Lëtzebuerg |
Grënnung | 2007 |
Websäit | milestoperdition.com, Facebook |
Aktuell Memberen | Ken Pletschet (Gesank) Marc "Mulles" Muller (Bass) Joey Jung (Gittar) |
Fréier Memberen | Pino Bava (Gittar, 2007-09) Marc Strauß (Gittar, 2009-15) Roland Jeitz (Batterie, 2007-09) Michael Speltz (Batterie, 2009) Pascal Benci (Batterie, 2009-15) Steve Castro (Bass) |
D'Band gouf am Summer 2007 gegrënnt an huet d'Joer drop hir éischt Demo mam selwechten Numm opgeholl. 2009 hu si bei der éischter Editioun vum Rock the South matgemaach.
Zu Antwerpen hu Miles to Perdition d'EP Vengeance (2010) opgeholl. Ëm déi Zäit si si och als Virgrupp vu bekannten anere Metalgruppen opgetrueden, dorënner d'Amerikaner vun Avenged Sevenfold an The Black Dahlia Murder, d'Brasilianer vu Sepultura, an de Schwede vun Arch Enemy.
Hiren éischten Album Blasphemous Rhapsody koum 2014 op de Maart. Zwee Joer méi spéit ware si d'Gewënner vum lëtzebuergesche "Metal Battle", wat et hinnen erlaabt huet um däitsche Wacken Open Air ze spillen, engem vun de gréisste Rockfestivallen op der Welt.
2020 koum dunn den Album Blasphemous Rhapsody eraus.
Commons: Miles to Perdition – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Miles to Perdition, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.