D' Mette Frederiksen, gebuer den 19.
November">19. November 1977 zu Aalborg, ass eng dänesch Politikerin. Si ass zanter dem 28. Juni 2015 Presidentin vun der Sozialdemokratescher Partei (Socialdemokraterne) an zanter dem 27. Juni 2019 Ministerpresidentin vun Dänemark.
Mette Frederiksen | |
---|---|
Gebuer | 19. November 1977 Aalborg |
Nationalitéit | Dänemark |
Educatioun | Universitéit vu Kopenhagen |
Aktivitéit | Politiker, Gewerkschaftler |
Partei | Sozialdemokraten |
Si gouf 2001 eng éischt Kéier an de Folketing, dat dänescht Parlament, gewielt. 2005 gouf se Vizepresidentin vun hirer Fraktioun. Tëscht Oktober 2011 an Oktober 2014 war si Ministesch fir Aarbecht an der Regierung Thorning-Schmidt I an II, dono, bis zum Récktrëtt vun der Regierung, 2015, Justizministesch.
Den 28. Juni 2015 gouf si zu der neier Presidentin vun hirer Partei gewielt. Dës krut bei der Folketingswal vun 2019 déi meescht Stëmmen, sou datt et de 26. Juni 2019 zu enger Koalitioun mat anere Lénksparteie koum.
Commons: Mette Frederiksen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Mette Frederiksen, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.